Route de ThionvilleDealer mat 60 Gramm Heroin festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Niewent den Drogen, goufen och nach 2 Handyen an eng Staang Geld beim Mann fonnt.
© Police

An enger Wirtschaft an der Route de Thionville an der Stad gouf en Dënschdeg de Moie géint 11 Auer e Dealer bei enger Kontroll festgeholl.

De Mann hat ganzer 60 Gramm Heroin, Geld an 2 Handyen dobäi. Dëst krut den Dealer ofgeholl a gouf séchergestallt.

De Verdächtege koum am Nomëtteg dunn och direkt virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO