Iwwer 2.000 Refugiéen, déi de Statut vun der Internationaler Protektioun schonn unerkannt kruten, liewen nach ëmmer an engem Foyer vum Office National de l’Accueil, dem ONA. Dat, obwuel si kéinten - oder souguer missten - erausplënneren. Mä si fanne keen Ënnerdaach.
RTL huet betraffe Leit getraff, déi u sech eraus missten, mä net wëssen, wouhin.
De Filmon Awet Ghebrehiwet huet 22 Joer a probéiert schonn zanter 4 Joer, hei am Land Fouss ze faassen. “Ech hu mäi Bescht probéiert, fir eng besser Persoun ze sinn. Eng normal Persoun, déi Steiere bezilt. En normale Bierger einfach. Ech wollt Lëtzebuerg dat zeréck ginn, wat ech krut. Mä ech verléieren d’Hoffnung. Esou hat ech et net erwaart.”
Sproochecoursen, Formatiounen, eng Aarbecht am Escher BENU Village, déi hien awer elo verluer huet. Et wier eng Néierlag no der anerer, obwuel de jonke Mann stolz säin Dossier mat ënnerschiddlechen Zertifikater weist. Ma déi gréisste Schwieregkeet wieren d’Suergen ëm de Logement. Enn November muss hien de Foyer verloossen. Dobäi kommen déi schlecht Konditiounen am Don Bosco, déi no Joren op d’Motivatioun schloen.
D’Gefill, net gehéiert ze ginn
Schonn 2015 hätt de Foyer fir d’éischte Kéier sollen zoumaachen. Niewendrun ass antëscht deen neie Foyer Lily Unden. Fir op déi schlecht Konditiounen am Don Bosco opmierksam ze maachen, hunn d’Refugiéë selwer de Kontakt mam ONA gesicht. Am Februar hate si och eng Petitioun mat Accusé de réception per Post geschéckt. “D’Petitioun ass iwwer d’Problemer am Foyer, iwwer d’Waasser an d’Toiletten. Well mir mussen eraus, wa mer op d’Toilette mussen oder dusche wëllen. Heiansdo gëtt d’Waasser och blockéiert. Et ass schwéier hei ze liewen.”
Bis haut hätt een op de Bréif an op d’E-Mail keng Äntwert kritt. Hinne géing net nogelauschtert ginn, bedaueren d’Leit, déi hei wunnen. Op der enger Säit soe si sech dankbar fir e Liewen a Sécherheet. Ma op der anerer Säit wéilt ee sech och nëtzlech maachen, e Liewen opbauen, heescht et hei vu ville Leit.
De Sayah Assam ass zanter 3 Joer zu Lëtzebuerg. Hie selwer ass am Foyer Lily Unden ënnerbruecht, der neier Struktur. Ma hie kennt d’Problemer um Site, de Foyer Don Bosco ass direkt hannert dem neie Foyer an deem hie lieft. Et wier ee vun der Gesellschaft ausgeschloss. Wat hien hei géing erliewen, géing net zu Lëtzebuerg passen, esou de Mann aus Algerien. Hien ass am Rollstull an huet Schwieregkeeten, en neie Logement ze fannen. Am Februar muss hien awer de Foyer verloossen.
Eng Verzweiwlung, déi hiren Ursprong an de Prozeduren huet, esou d’Ambre Schulz vu Passerell. Vun Ufank u ginn d’Leit guer net an den Aarbechtsmaart integréiert. Doduerch wier awer eng vill besser Integratioun méiglech. Och d’Sprooche vum Land kéinten d’Refugiéen duerch de Kontakt zu de Residentë vill méi einfach léieren.
Dowéinst sollten d’Aarbecht an de Logement, genee esou wéi d’Sproochecoursen oder eng Formatioun, zesumme gekuckt ginn. Aktuell kéint nämlech net vun Integratioun an d’Gesellschaft Rieds sinn.
Fir de Filmon Awet Ghebrehiwet eng schwéier Situatioun: “Ech probéieren dës Erausfuerderunge positiv ze gesinn. Wann ech dat heite packen, da kann ech och aner Saache packen. Ech probéieren duerch Sport an neie Frëndschafte positiv ze bleiwen. Mä elo hunn ech d’Gefill, ech sinn um Enn ukomm. 4 Joer ouni Privatsphäre. Ech fille mech wéi e Prisonéier.”
Wéi geet et weider mam Foyer Don Bosco?
D’Zoustännegkeet fir den Accueil vun de Refugiéen an déi fir d’Prise en Charge vun de Leit, déi schonn de Statut fir déi international Protektioun hei am Land hunn, gi vunenee getrennt. Deemno sinn an Zukunft zwee verschidde Ministere fir d’Demandeurs de Protection nationale a fir d’Bénéficiaires de protection nationale zoustänneg. Vum zoustännegen Office Nationale de l’Accueil krute mir schrëftlech matgedeelt: “D’Situatioun an de Manktem u Better erlaben et am Moment net, eng definitiv Fermeture vum Don Bosco ze plangen.”
Op d’Fro, wéi vill Leit vun engem Deguerpissement betraff sinn an de Foyer musse verloossen, esou wéi de Sayah Assam an de Filmon Awet Ghebrehiwet, huet den ONA net geäntwert. “D’Persounen, déi schonns méi laang de Statut hunn, ginn aktuell vun den zoustännege soziale Servicer an hirer Wunnengssich ënnerstëtzt (Office social, d’sozial Aarbechter déi an der Struktur schaffen, Lisko,...)”, heescht et an der E-Mail. Weider schreift den ONA: “Aktuell sinn am Haus nach 100 Persounen ënnerbruecht, eng 60 Persounen déi nach an der procédure de protection internationale sinn, an eng 40 Persounen, déi schonns eng Äntwert vun den Immigratiounsservicer kritt hunn.”
Logementskris: Eng Famill muss hir Wunneng verloossen, ouni en neie Logement fonnt ze hunn
Logementskris: Eng Famill lieft zanter iwwer 6 Méint am Hotel