Eng Famill lieft zanter iwwer 6 Méint am Hotel
D’Logementskris betrëfft virun allem déi Äermst an der Gesellschaft.
Mir haten am Journal schonn iwwer d’Situatioun vun enger Famill beriicht, déi dëse Mount hir Wunneng huet misse verloossen, ouni en neie Logement fonnt ze hunn. Esou goung et och enger eritreeëscher Famill am Mee.
D'Mamm an hir 4 Kanner sinn 2016 aus Eritrea op Lëtzebuerg geflücht. Déi eelsten Duechter wunnt antëscht eleng, d’Mamm an 3 mannerjäreg Kanner liewen zanter iwwer 6 Méint an Hoteller. Den Almen Mehamed huet 16 Joer an erzielt, wéi si vu Foyer zu Foyer geplënnert sinn, bis d'Famill 2018 en Haus zu Péiteng krut. Dat war en Haus, dat nom Prinzip vun der "Gestion locative sociale" vun der Caritas geréiert gouf. Ma d'GLS gesäit vir, dass d'Kontrakter dacks op 3 Joer limitéiert sinn. D’Iddi ass, dass een déi finanziell Situatioun an där Zäit verbessert an dann um private Marché ka Fouss faassen. Duerch dës Rotatioun kann dann och anere Leit gehollef ginn.
Trotz Verlängerung vum Kontrakt huet d'Famill, déi mir getraff hunn, keng Alternativ an där Zäit fonnt. D'Caritas confirméiert um Telefon, dass mat der Famill versicht gouf, eng Léisung ze fannen. 3 aner GLS-Wunnengen, déi d’Associatioun ugebueden hat, ware fir d'Famill net acceptabel. Et koum zum Deguerpissement, d'Famill war also forcéiert d'Haus ze verloossen an an engem Hotel ënnerzekommen.
Fir den Office Social vu Péiteng keen Eenzelfall, wéi RTL op Nofro schrëftlech präziséiert krut. "Vun 10 Deguerpissementer hunn a 6 Fäll d'Leit missten an engem Hotel relogéiert ginn", steet am Dokument geschriwwen. 6 Méint, esou laang waren déi betraffe Leit an der Moyenne am Hotel, bis eng Alternativ konnt fonnt ginn.
Well et un ëffentleche Sozialwunnenge feelt, respektiv dës net fräi ginn, sinn dacks d’Associatiounen, déi GLS-Wunnengen ubidden, gefuerdert. Esou zum Beispill och de WG-Projet vun der LIFE asbl. D'Nathalie Reuland präziséiert, dass och hir Associatioun de Problem kennt a si dowéinst illimitéiert Kontrakter ubidden. Wann e Proprietär d'Wunneng zeréck brauch, gëtt versicht, d'Leit an eng anerer Wunneng vun der Associatioun ënner ze kréien. Dat hätt bis ewell ëmmer geklappt, wier awer dacks net einfach.
Et wier e Balance-Akt. Engersäits wier et wichteg, de Proprietären e gudde Service ze bidden, well si hir Wunnengen zu abordabele Konditiounen zur Verfügung stellen. Anerersäits gëtt et ëmmer méi schwéier, d’Leit ze relogéieren, well d’Optioun vum private Marché quasi net méi a Fro kënnt.
Déi Erfarung kennt och déi eritreeësch Famill. D’Contrainten um Locatiounsmarché si fir si schwéier z'iwwerwannen. D'Yasmin Mehamed kennt dProblemer, zum Beispill dass d'Famill recommandéiert kritt, eng Wunneng mat 4 Kummeren ze sichen, well manner Zëmmer fir d'Mamm an hir dräi Kanner ze kleng wier. Dat wier awer ze deier, bedauert d'Schülerin vun 13 Joer. Doriwwer eraus kéint d'Mamm net schaffe goen.
Dem Yasmin säi klenge Brudder huet Diabetes. Donieft krut d'Mamm och gesondheetlech Problemer an huet hir Aarbecht dowéinst missen opginn. Schicksalsschléi an Decisiounen, déi d'Famill an déi aktuell Situatioun bruecht hunn. Ma d'Yasmin a seng Geschwëster wënsche sech virun allem, dass si hir Hausaufgaben net méi all ze laang am Hotel musse maachen.