Op der anerer Säit gerode Locatairë mat niddregem Revenu un hir Grenzen, wa si den Ament eng nei Wunneng sichen. Kënnt dann nach Zäitdrock dobäi, well de Proprietär Eegebedarf geltend mécht, kann d’Situatioun kritesch ginn. Dat ass de Fall bei der Famill Mariotti.
No laange Prozeduren, ville Visitte vu Wunnengen an engem Geriichtsprozess krut d’Koppel den 20. Oktober de Bréif, deen den Deguerpissement ukënnegt. Dat ass déi lescht Etapp. Ugefaangen huet déi ganz Situatioun mat der Kënnegung vun hirer Wunneng. Ma, dass e Locatiounskontrakt gekënnegt gëtt, ass per se näischt Ongewéinleches. De Manuel Mariotti kéint och verstoen, dass de Proprietär seng Wunneng elo selwer brauch. Zanter iwwer 10 Joer wunnt hien hei, zanter 5 Joer mat senger Fra. Ma fir d’Famill ass de Problem entstanen, wéi si sech op d’Sich no enger neier Wunneng gemaach huet. Virun iwwert engem Joer hätte si ugefaangen ze sichen, erzielt de Familljepapp. Och well de Studio an engem Stater Quartier fir d’Famill ze kleng gi wier.
D’Famill kritt de Revis an dierf dowéinst och net iwwer d’Grenz wunne goen, wou et méi bëlleg wier. Demandë fir Sozial-Wunnengen, Aiden ufroen wéi d’Garantie Locative vum Logementsministère, déi verschidde Méiglechkeeten huet d’Koppel mat hirer Assistante Sociale probéiert. Ma elo sti si virum Deguerpissement. Eng Situatioun, déi si Ugangs net fir méiglech gehalen hätten.
Hei am Land kënne Locatairen am Extremfall tatsächlech och am November aus der Wunneng erausgeheit ginn. Anescht wéi a Frankräich, erkläert de Maître Georges Krieger, do gëtt et nämlech an de Wanterméint eng Spär. Den Affekot ass op Immobilierecht spezialiséiert an erkläert, dass et a senger Erfarung esou wier, dass vun 100 Fäll den Deguerpissement a 4 oder 5 wierklech géing bis zum Schluss duerchgedréckt ginn, also bis den Dierwiechter d’Locatairen aus der Wunneng zwéngt.
Am Fall vun der Famill Mariotti, wou de Proprietär Eegebedarf geltend mécht, d’Locatairen awer keng aner Méiglechkeet fannen, trëtt de Katastrophenzenario vum Deguerpissement an. En niddrege Revenu huet um Privatmarché mat vill Konkurrenz wéineg Chance an um ëffentlech Marché feelt et u sozialen an abordabele Logementer. Ma Schicksaler wéi dee vun der Famill Mariotti si fir den Office Social vun der Stad Lëtzebuerg keen Eenzelfall.
Hir Ekipp wier och frustréiert, esou d’Sandy Lopes, Chargée de Direction vum Stater Office Social, well net jidderengem ka gehollef ginn. Den Office Social kéint d’Clientë bei den ënnerschiddleche Prozeduren ënnerstëtzen oder fir eng Nuecht nach en Iwwerdaach an enger Noutstruktur ubidden, mä fir laangfristeg Léisunge sinn de Mataarbechter d’Hänn gebonnen. “Et ass scho virkomm, dass Leit mat de Wallisse bei eis an den Accueil kommen a froen, wou si dës Nuecht solle schlofen. (...) Mä mir hunn och keng Wunnengen op Stock.”
An um Privatmarché ass eng grouss Konkurrenz fir d’Locatiounswunnengen do. Leit mat niddrege Revenuen hunn et schwéier. “Mir sinn dohinner gaangen”, esou de Manuel Mariotti, “Mä et war onméiglech mam Präis a wann s de hinne gesot hues, mir hu keen CDI, da war et scho Schluss”, erzielt de Manuel Mariotti RTL géintiwwer. Dobäi kënnt, dass d’Famill Mariotti wéinst hirem niddrege Budget dacks no Appartementer mat just enger Schlofkummer gesicht huet. Dat wier bei de Proprietären awer net gutt ukomm, well d’Koppel e klengt Kand huet a geschwënn nach e Bëbee kritt.
En Dënschdeg huet d’Koppel mat hirem Meedchen dunn definitiv d’Wunneng misse verloossen. Et wier e ganz schlëmme Moment gewiescht, erzielt de Manuel Mariotti um Telefon. D’Famill ass elo an engem Zëmmer an engem Stater Foyer ënnerbruecht ginn. Wéi laang, wësse si net.
All Fall ass anescht. E rechtlechen Ënnerscheed gëtt et awer virun allem tëscht Locatairen, déi de Kontrakt gekënnegt kréien, well si sech schlecht beholl hunn oder de Loyer net bezuelen an op der anerer Säit Locatairen, déi d’Wunneng musse verloossen, well de Proprietär Eegebedarf geltend mécht.
De Maître Georges Krieger erkläert, wou d’Ënnerscheeder leien:
Wéi kann den Office Social hëllefen, wa Locatairen aus hirer Wunneng eraus mussen, mä keen anere Logement fannen?
D’Sandy Lopes, Chargée de Direction vum Stater Office Social:
Wëll dir Kontakt mat der Redaktioun ophuelen, da maacht ee Mail op dossier@rtl.lu.