Iwwerbléck NordenDeen zweetklengste vun de Bezierker

Diana Hoffmann
Bei de Chamberwalen dëse Sonndeg gi 60 Deputéiert a 4 Bezierker gestëmmt. 9 dovunner ginn am Bezierk Norde bestëmmt.
© RTL

Den Norden ass deen zweetklengste vun de 4 Walbezierker. 9 Deputéiert aus der Regioun gi vun der Bevëlkerung designéiert, fir sech fir d’Besoine vun de Leit aus hirer Regioun an dem Land anzesëtzen. D’Diana Hoffmann huet sech de politeschen Historique vum Nord-Bezierk méi genee ugekuckt.

Nationalwalen: Iwwerbléck Norden / Reportage Diana Hoffmann

Bei de leschte Walen 2018 hate mer am Norden dëst Bild. D’CSV huet an 32 vun de 35 Nord-Gemengen dee beschte Score gemaach a konnt hir 4 Sëtz verdeedegen. Och fir d’DP an déi Gréng blouf et beim Status quo mat hiren 2 Sëtz respektiv 1 Sëtz. Eng Enttäuschung gouf et deemno am Norde just fir d’LSAP, déi ee vun hire Sëtz un d’ADR verluer hat.

Just fir 6 vun den 9 Deputéierte gouf et en Direktsëtz. Bloufen 3 Reschtsëtz. Den éischte Sëtz goung un d’ADR, den 2. un d’DP an den 3. un d’CSV.

Feelen op der LSAP-Nordlëscht deet dës Walen de fréiere Landwirtschaftsminister Romain Schneider, deen 2018 dee Meeschtgewielte vun der Partei am Norde war. Nieft dem Remplaçant, dem Landwirtschaftsminister Claude Haagen, soll déi nei Kandidatin Flore Schank hëllefen, dëst auszegläichen. D’CSV setzt op d’Martine Hansen, déi Kandidatin, déi 2018 queesch duerch d’Parteien dee beschte Score gemaach huet, an op den Europadeputéierte Christophe Hansen. Bekannt Gesiichter och bei der DP. Dem Fernand Etgen gouf de Minister vun der Fonction publique Marc Hansen zur Säit gestallt. Weider scho bekannt Nimm un der Spëtzt sinn da bei deene Gréngen den Energieminister Claude Turmes an d’Stephanie Empain an och bei der ADR bleift de Spëtzenduo zanter de leschte Wale mam Jeff Engelen an dem Michel Lemaire onverännert.

Am Norde fir d’éischt mat dobäi sinn dëst Joer déi nei Parteie Fokus a Liberté, sou wéi och Déi Konservativ. Net méi dobäi ass hei d’KPL.

Déi meeschte Lëschtestëmmen huet viru 5 Joer d’CSV kritt. Mat bal 57.000 waren dat duebel esouvill wéi d’DP, déi op 2. Plaz gelant ass. Dono koum bal gläich op d’LSAP (25.524), d’ADR (24.867) an dono déi Gréng (23.985).

D’CSV hat 2018 am ganzen 32,23 Prozent vun de Stëmme kritt, d’DP 17,13 Prozent, d’LSAP 15,87 Prozent, déi Gréng 12,98 Prozent an d’ADR 9,79 Prozent.

Deemools huet d’DP am Verglach zu de Walen 2013 mussen déi meeschte Plomme loossen. 6,58 Prozent manner Stëmme goufen et fir déi Blo. De Stëmmeverloscht vum Charel Goerens, deen net méi op der Lëscht war, konnt net guttgemaach ginn. CSV an LSAP hate liicht verluer. Als gréisst Gewënner a punkto Stëmmenzouwuess hunn 2018 d’Pirate mat engem Plus vu 4,3 Prozentpunkten, déi Gréng mat Plus 3,97% an d’ADR mat Plus 3,43 gezielt.

Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO