
Op 10 Joer wäert dat de Lëtzebuerger Staat ronn 200 Milliounen Euro kaschten. E Projet, deen um Donneschdeg der Press presentéiert gouf. Zil ass et, ënnert anerem d’Space-Capacitéiten auszebauen, méi onofhängeg ze ginn an d’Zesummenaarbecht mat anere Partner ze stäerken. Déi international Sécherheetsarchitektur hätt sech grondleeënd verännert, huet den Defenseminister François Bausch betount. De Krich an der Ukrain hätt dat nach emol verdäitlecht:
Datt ass eng Violatioun vum internationale Recht, wéi et se zanter dem zweete Weltkrich net méi gouf a mer och gehofft haten, datt et se net méi wäert ginn. An natierlech bedeit dat och eppes am Kontext vum Iwwerdenken vun der transatlantescher Relatioun, déi mer hunn an der NATO, mee souguer doriwwer eraus.
Et géif ëmmer méi op Satellittekommunikatioun zréckgegraff ginn, och dat wier elo däitlech am Ukrainkrich ze gesinn. Dëse Projet hätt eng Partie Virdeeler :
Déi Constellatioun couvréiert déi ganz Äerd. Et gëtt eis eng grouss Flexibilitéit, ganz séier Transmissioune vun Donnéeën si méiglech. An de Satellit erlaabt et, de Regierungen souverän Reseauen opzebauen, wou ee selwer d’Kontroll huet iwwert d’Donnéeën, déi genotzt ginn.
Déi nei Capacitéiten sollen iwwerdeems komplementar zum GovSat fonctionéieren :
De GovSat flitt op 36.000 Kilometer wech vun der Äerd, deen hei op 8000 Kilometer. De GovSat ass een decke Satellit an dat hei si méi klenger.
Déi 11 Satellitte gi vun der Betzder SES geréiert a wäerten Enn dës Joers operationell sinn.