
D’Pirate plädéiere fir eng Energie-Hëllef. Konkret verlaange si eng Entlaaschtung vun 100 € de Mount fir d’Leit, déi am Alldag op den Auto ugewise sinn.
Dat Ganzt kéint iwwer en direkte Steierkredit lafen, fannen d’Piraten.
Fir d’Mesure ze finanzéieren, soll eng Iwwergewënnsteier fir d’Pëtrolskonzerner spillen, schreiwen d’Piraten an engem Communiqué.
Weider heescht et am Schreiwes, dass dës Entlaaschtung als kuerzfristeg Mesure geduecht wier. Laangfristeg bräicht et eng Mobilitéitspolitik, déi manner ofhängeg vum Auto wier an op méi nohalteg Energie géing setzen.