
De Claude Nothar ass 31 Joer al an net de klassesche Kandidat, dee schonn an enger Jugendsektioun aktiv war.
“Ech sinn e Quereinsteiger a war ni fräiwëlleg aktiv bei de Pompjeeën.“
Trotzdeem koum iergendwann de Wonsch no enger Verännerung.
“Ech war op engem Punkt a menger Karriär, wou ech eppes Neies gesicht hunn, eppes Aktives. Ech war ëmmer hëllefsbereet a wollt eppes fir d’Gesellschaft maachen.“
Haut, no 18 Méint Ausbildung, ass hien iwwerzeegt, de richtege Choix getraff ze hunn. Et wier dee Beruff, deen hie bis zu senger Pensioun wëll maachen.
Ier ee Beruffspompjee ka ginn, muss een duerch e selektive Rekrutement. “Et gëtt psychologesch, sportlech an och medezinesch getest”, erkläert hien.
Duerno geet et an eng Ausbildung, déi am Ganzen zwee Joer dauert. D’Formatioun ass theoretesch a praktesch opgebaut, mat reegelméissegen Examen. E wichtege Bestanddeel sinn d’Stagen: “Do geet een an d’Zentren am Land a fiert och schonn op déi éischt Asätz mat eraus.”
De Beruff ass vill méi divers, wéi vill Leit mengen. Als Beruffspompjee fiert een herno net nëmme mam roude Camion, mee och ganz vill Ambulanz. Besonnesch fir jonk Pompjeeën ass de Secours à personne e groussen Deel vum Alldag. Dat verlaangt net nëmmen technescht Wëssen, mee och Empathie a Rou an heekele Situatiounen.
Wat de Claude Nothar am meeschten impressionéiert, ass de staarken Teamgeescht.
“Et ass een ëmmer op d’mannst zu zwee ënnerwee, an et kann een sech openee verloossen.“
D’Aarbecht ass och mental a physesch usprochsvoll, mee mat der Zäit kënnt d’Routine: “Et léiert een, sech an deene verschiddenste Situatiounen ze hëllefen.”