Sprit gëtt knapp, Lëtzebuerg aktuell net betraffEuropa virun engem "schwaarze Mount", esou de Chef vun der IEA

Joel Detaille
Pierre Weimerskirch
Experte gesinn d’global Energieversuergung a Gefor. Gläichzäiteg spëtzt sech d’Situatioun ënnert anerem a Frankräich zou. Op Nofro krute mer gesot, zu Lëtzebuerg géif et aktuell keng Enkpäss ginn.
E Schëff, dat ënner liberianeschem Fändel fiert, konnt duerch d'Strooss vun Hormus fueren, well et ënnerwee a Richtung Indien war.
E Schëff, dat ënner liberianeschem Fändel fiert, konnt duerch d’Strooss vun Hormus fueren, well et ënnerwee a Richtung Indien war.
© IMTIYAZ SHAIKH/Anadolu via AFP

De Chef vun der Internationaler Energie-Agence (IEA), Fatih Birol, schléit Alarm. An engem Interview mam Figaro schwätzt hie vun engem “dräifache Schock“: Ueleg, Gas an och Liewensmëttel wieren dovu betraff.
Als Haaptursaach nennt hien déi aktuell geopolitesch Spannungen, virun allem am Zesummenhang mat Konflikter am Noen a Mëttleren Osten. Besonnesch kritesch bleift d’Situatioun ronderëm d’Strooss vun Hormuz, eng vun de wichtegste Routë fir den Transport vu Pëtrolsproduiten.

Gläichzäiteg warnt de Faith Birol, dass déi weltwäit Energieversuergung “nach ni esou a Gefor gewiescht wier wéi aktuell“. Fir d’Situatioun ze stabiliséieren, misst sech d’Versuergung an der Golfregioun erëm normaliséieren, wat senger Meenung no awer nach Zäit brauch. Dës Kris kéint d’Entwécklung vun erneierbaren Energien, Atomkraaft an elektresche Gefierer beschleunegen.

Tankstellen a Frankräich ënner Drock

Parallel dozou gëtt d’Situatioun a Frankräich ëmmer méi ugespaant. Ronn 18% vun den Tankstellen hunn aktuell Problemer mat der Versuergung. Op ville Plaze feelt op d’mannst eng Zort Bensinn oder Diesel komplett. An anere Regioune ginn et Limitten, do dierfen d’Automobilisten nëmmen nach maximal 30 Liter pro Gefier tanken. Déi delegéiert Energie-Ministesch Maud Bregeon erkläert dës Enkpäss mat Logistik- an Transportproblemer.

An anere Länner gëtt scho reagéiert. A Griicheland huet d’Regierung e sougenannte “Fuel-Pass“ agefouert. D’Stéit mat klengen a mëttleren Akommes kréien e Sprit-Zouschoss tëscht 30 a 60 Euro fir d’Méint Abrëll a Mee. D’Autoritéiten zu Athen wëllen d’Situatioun weider genee iwwerwaachen an, wann néideg, zousätzlech Mesuren huelen.

Besonnesch kritesch bleift d’Situatioun ronderëm d’Strooss vun Hormuz, eng vun de wichtegste Routë fir den Transport vu Pëtrolsproduiten.
© Foto von BEDIRHAN DEMIREL / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

Zu Lëtzebuerg aktuell keng Problemer

Op Nofro beim “GROUPEMENT ENERGIES MOBILITE LUXEMBOURG a.s.b.l.” war et um Dënschdeg de Moien, dass een aktuell keng Informatiounen iwwert Enkpäss am Lëtzebuerger Reseau hätt. Och bei zwee grousse Fournisseure vu Masutt zum Beispill waren op Nofro hin d’Ausso, dass bei hinnen keng Enkpäss géif ginn. Si kéinten d’Cliente ganz normal beliwweren. Beim Masutt wier et bei engem Fournisseur souguer esou, dass de Stock méi wéi gutt gefëllt wier, well d’Leit, duerch den héije Präis, momentan éischter manner bestellen.

Back to Top
CIM LOGO