
Déi méi grénge Mesuren am Nei-Start fir Lëtzebuerg géifen de Betriber hëllefen aus der Kris erauszekommen, esou d'Iwwerzeegung vun de Regierungsvertrieder an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber, déi vun der CSV gefrot gouf. Fir d'Oppositioun sinn déi aktuell an nei annoncéiert Mesuren ze vague.
Déi néi annoncéiert Mesurë vun der Regierung, fir en ekologeschen a ëmweltfrëndleche Relancement, wiere keng grouss gréng Punkten, ma just gréng Tëppelen, esou d'Kritik vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler. Kritik gouf et virun allem un der vager Terminologie an Zukunftspläng, déi vun déi Gréng iwwert déi lescht Deeg a Méint proposéiert goufen. Déi nei Primme fir den ekologesche Wunnengsbau an d'Elektromobilitéit wiere sympathesch.
Claude Wiseler - CSV: „Mir ënnerstëtzen dat och, mä et ass meilewäit ewech vun deem, wat gepriedegt gëtt vun deenen Uspréch, déi mer awer an de Riede vun deenen engen oder anere konnten héieren.“
Bei der CSV wënscht ee sech manner finanziell Avantagen, ma méi prezis avantagéis Konditioune fir de Benotzer.
Claude Wiseler - CSV: „Wéi kënne se fueren. Wat sinn d'Avantagen, déi ee mat engem elektreschen Auto kann hunn. Kann een op anere Piste fueren? Kann ee vläicht op der Autobunn op der 3. Spuer fueren, déi soss am Fong just fir den ëffentlechen Transport ass. Oder kritt een extra Parkplazen? Heiansdo ass et méi wichteg et verbessert ee d'Konditioune vum Gebrauch, ewéi et mécht een eng Hëllef beim Präis.“
Kritik gouf et och um Wirtschaftsminister Franz Fayot a sengem Fit for Resilience-Programm. E Programm, deen den Entreprisen hëllefe soll, sech méi ekologesch opzestellen.
Claude Wiseler - CSV: „Et gesäit aus, ewéi wann et méi drëm geet, datt déi grouss Consultatiouns-Betriber vill Sue mat verdéngen, an herno net méi vill bei den Entreprisen ukommen.“
Verdeedegt gouf den LSAP-Politiker vum Energieminister Claude Turmes.
Claude Turmes - Déi Gréng: „An der Wirtschaft zu Lëtzebuerg gëtt et vun elo bis den 31. Dezember extrem attraktiv, fir an Energieeffizienz an an eng Energie Circulaire ze investéieren. Wann een herno emol kuckt, ewéi vill Milliounen do zesummekommen, wäert dat e wichtegen Deel vum grénge Konjunkturprogramm sinn.“
De Relanceprogramm wier virun allem eng kléng Mesure, fir och d'Wirtschaft zu Lëtzebuerg weider um dréinen ze behalen. An d'Entreprisen op de Chantieren, ewéi och Privatclient ze ënnerstëtzen, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Carole Dieschbourg - Déi Gréng: „Et ass, fir de Leit a Betriber kuerzfristeg ënnert d'Äerm ze gräifen. Ma et ass nëmmen en Deel vun engem méi laangfristege Plang.“
Et hätt een dës Woch schonn en éischte positive Bilan gezunn, esou d'Ministesch. No der Annonce vun de Mesuren hätten sech schonn 250 Persoune bei myEnergie gemellt, fir eng Demande fir Primmen an der Elektromobilitéit oder beim ekologeschen Hausbau oder Renovatiounen ze kréien.