
Um Ordre du Jour stoung d’Propose vun enger regionaler Duebelspëtzt fir de Walbezierk Norden dir d’Chamberwalen am Oktober. Dës soll aus dem Energieminister Claude Turmes an der Deputéierter Stéphanie Empain bestoen.
D’Membere vum Kongress hunn déi virgeschloe Kandidaten en Dënschdeg eestëmmeg fir dëse Posten nominéiert. Déi aner 7 Plazen op der Lëscht sollen Enn Juni, respektiv spéitstens Ugangs Juli vum Bezierkskongress besat ginn.