Loyersdeckel an ëffentlech BaufirmaDéi Lénk fuerderen 180-Grad-Kéier am Logement

Tim Morizet
Zanter dem Loyersdësch am Joer 2024 hätt sech um Logementsmarché quasi näischt zum Positiven entwéckelt.
Déi Lénk fuerderen 180-Grad-Kéier am Logement
Zanter dem Loyersdësch am Joer 2024 hätt sech um Logementsmarché quasi näischt zum Positiven entwéckelt.

D’Logementskris bleift ee vun de gréisste politesche Brennpunkten zu Lëtzebuerg. Trotz Mesuren a ville Versprieche vun der Regierung géif sech um Terrain nach ëmmer ze wéineg beweegen, soen op d’mannst déi Lénk.

© Tom Zeimet

Op enger Pressekonferenz huet d’Partei e Freideg e kritesche Bilan vum sougenannte Logementsdësch gezunn. Zanter dass dësen am Joer 2024 war, hätt sech um Logementsmarché quasi näischt zum Positiven entwéckelt, esou de Gary Diederich vun déi Lénk: “Fir eis ass et ganz kloer: weder d’Baukris nach d’Logementskris ass iwwerstanen. Den Terrain seet eppes ganz anescht.”

“Mir hunn awer massiv Steiersuen do hänke gelooss”

D’Regierung hätt ze staark op de Marché public gesat, esou Oppositioun. D’Mesurë vun der Regierung hätten net de gewënschten Effekt gehat. D’Erhéijung vum sougenannten “amortissement accélré"“ op sechs Prozent fir VEFA-Projeten hätt de Marché net, ewéi erhofft, nees ugekuerbelt. Aktuell géifen d’Verkeef just nach tëscht 20 a 40 Prozent vum Niveau vu virun der Kris leien. Dobäi wier schonn deemools ze wéineg gebaut ginn. “Mir si Mol net bei der Hallschent vun deem, wat virun där ganzer Kris verkaf ginn ass”, esou den zukünftegen Deputéierten. “A mir hunn awer massiv Steiersuen do hänke gelooss.”

Och beim Opkafe vu Wunnprojeten duerch de Staat géif een hänken: vun de geplangte 500 Milliounen Euro wieren bis elo just ronn 221 Milliounen agesat ginn, esou d’Kritik vun déi Lénk. Amplaz vun enger Reprise vum Marché géif een éischter en “Effet d’annonce” gesinn.

Eng ëffentlech Baufirma fir méi bezuelbare Wunnraum

Fir den Deputéierten David Wagner ass dat d’Resultat vun enger falscher Grondlogik: “De Privatmarché kann d’Logementskris net léisen, well no der Rentabilitéit an net no de Besoine vun de Mënsche gekuckt gëtt.”

Déi Lénk fuerderen dofir eng komplett Richtungsännerung. Eng zentral Mesure: E Loyersdeckel, deen d’Locatiounspräisser an der aktueller Krisesituatioun limitéiert. Parallel dozou soll de Staat selwer méi aktiv bauen. Mat enger ëffentlecher Baufirma kéint een net nëmme méi bezuelbare Wunnraum schafen, mee och Aarbechtsplazen am Bausecteur ofsécheren.

Back to Top
CIM LOGO