Protestaktioun zu EschDéi Lénk fuerderen: "Schluss mam Leerstand!"

Lynn Cruchten
Dat matten an enger Wunnengskris Haiser an Appartementer eidel stinn, ass fir déi Lénk onverständlech.

Schluss mam Leerstand! Et kann net sinn, datt matzen an der Wunnengskris Haiser oder Appartementer eidel stinn. Dat soen déi Lénk, déi an deem Kontext um Samschden op eng kleng Protestaktioun op Esch Uelzecht invitéiert hunn. Am Zentrum vun der Minettmetropol, an der Avenue de la Gare steet nämlech e Gebai, dat zënter 10 Joer ongenotzt an eidel ass. An dobäi ass de Proprietär de Staat!

An Zäite wou vill Leit, besonnesch och Jonker, bei der Wunnengssich géife scheiteren, wier dat eng skandaléis Situatioun, sou déi Escher Lénk.Si fuerderen, datt Regierung a Gemengen endlech zesumme Léisungsprojeten ausschaffen. Well dat eidelt Escher Gebai géif just symbolesch stoen fir de gesamte Leerstand am Land.

Déi Lénk géint de Leerstand vu Wunnengen
Zu Esch hat d'Partei zu engem Protest opgeruff.

Back to Top
CIM LOGO