Fir de Leit ze hëllefen, déi wéinst der Hausse vun den Energie- a Liewensmëttelpräisser riskéieren an eng “ganz uerg Lag” ze kommen, proposéiert d’Oppositiounspartei Mesuren, déi souwuel sozial gerecht ewéi ekologesch sënnvoll wieren. Fir unzefänken, misst deene Lénken no den Index Mol nees normal fonctionéieren. Och wann et 5 Tranchë bannent 10 Méint géing ginn, well an hiren Aen d’Inflatioun net duerch d’Paie verursaacht wier, mee duerch d’Energiekäschten. Op d’Remark, vum Patronat notamment, datt an dëse Zäite Manager net onbedéngt sollen hir Paien ugepasst kréien, soten déi Lénk “Nee”. Ëmverdeelung géing iwwert d’Gehälterstrukturen an d’Steiere gemaach ginn an net iwwert den Index.
D’Leit missten dann iwwert den Index eraus och e Krisegeld kréien, dat nom Revenu gestaffelt wier an a Funktioun vun de Persounen am Stot. D’Lëscht u Fuerderunge geet weider: déi Lénk verlaangen, datt d’Präisser fir de Basisverbrauch vu Gas a Stroum gedeckelt ginn, och nees gestaffelt ginn, an zwar esou, datt een och Aspuerungen erreecht. An der selwechter Philosophie sollen d’Loyeren opgrond vun der Energieklass vum Gebai limitéiert ginn. D’Leit misste gesetzlech virun Deconnectioune vum Stroum protegéiert ginn. Schutz virun der Hausse vun den Zënse stelle sech déi Lénk dann ënner Form vun enger Mutualiséierung vir, wou de Risiko vum Verloscht vun der Wunneng tëscht Proprietären a Bank gedeelt géing ginn.
Well d’aktuell Energiekris déi aner Kris vum Logement nach verschäerfe géing, hunn déi Lénk dann och hir Fuerderunge widderholl, déi si zanter Joren an deem Beräich hunn. D’energetesch Renovatioun vu Wunnenge misst acceleréiert ginn an dem Akommes vun de Stéit Rechnung droen. Donieft misst den Zougank zum ëffentleche Verkéier flächendeckend generaliséiert ginn.