Vum 6. bis de 26. JuliDéi meescht Neiinfektiounen am Kanton Esch an an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Vum 6. bis de 26. Juli huet de STATEC d'Covid-Neiinfektiounen an de verschiddene Kantonen zesummegefaasst.

Am Kanton Esch goufen et 788 Neiinfektioune bannent 20 Deeg, dat sinn der 43 op 10.000 Awunner. An der Stad goufen 312 Neiinfektioune gemooss, dat sinn der ronn 25 pro 10.000 Awunner. Duerno kommen d'Stater Peripherie an d'Kantone Kapellen, Miersch, Dikrech, Réimech a Wolz mat 12 bis 15 nei Fäll op 10.000 Awunner.

Am Kanton Veianen goufen et mat 6 Stéck déi mannsten Neiinfektiounen.

Dëse Mount goufen et nees déi meeschten Neiinfektiounen am Kanton Esch. Dat war och schonn op der leschter Kaart de Fall.

De Syvicol hat deemools d'Corona-Kaart kritiséiert, well doduerch tëscht de Kantonen Stigmatisatiounen entstoe géifen. Dat virop géigeniwwer deene Kantonen a Plazen, wou vill Infektioune gemooss goufen.

RTL-News: Zuele pro Kanton: Am Kanton Esch ginn et déi meescht Infektiounen

Back to Top
CIM LOGO