Syvicol kritiséiert nei Corona-Kaart, Escher Geschäfter kéinten elo leiden
E Mëttwoch huet d'Santé jo déi ominéis Kaart publizéiert, wou d'Infektiounszuelen no Kanton opgelëscht sinn.
Virun allem d'Kantonen Esch an d'Stad sinn deemno vill méi staark concernéiert wéi de Rescht vum Land. Déi Zuelen léien natierlech net, mä d‘Perceptioun vun där Kaart gëtt dach a Fro gestallt. De Syvicol stéiert sech drun, an och den Escher Buergermeeschter fënnt se alles anescht, wéi glécklech.
Et misst een oppassen, dass een et net zu Stigmatisatioune kommen léisst, sot eis de Syvicol-President Emile Eicher am RTL-Interview. D’Kaart wier sécherlech zueleméisseg richteg, kéint awer eventuell e falscht Bild vermëttelen.
D'Gefor besteet, datt a Regiounen, wou net vill Fäll sinn, d'Leit elo mengen, datt alles an der Rei wier a si missten op näischt méi oppassen. [...] Mir wëllen awer virun allem net hunn, datt verschidde Gemengen elo an d'Schosslinn kommen, datt si hir Aarbecht net gutt gemaach hätten. [...] D'Situatioun ass jo awer total verschidden, vu Fall zu Fall. A virun allem, wat mir onbedéngt musse wëssen, ass wou a wéi hu sech d'Leit infizéiert.
Et wier schliisslech en Ënnerscheed, ob ee sech am privaten doheem, op der Schaff, der Schoul oder enger Party ustécht, seet den Emile Eicher. Wéi eng Communautéite wiere betraff, fir vläicht geziilt déi Leit unzeschwätzen an nach emol besonnesch ze sensibiliséieren. Momentan wieren do de Gemengen awer d‘Hänn gebonnen.
D'Gemenge kréien elo dann och mam Fränk Reimen, dem Premier Conseiller vum Gouvernement am Wirtschaftsministère, en Uspriechpartner, deen d'Gemengen, déi elo am meeschte concernéiert sinn, direkt kontaktéiert, seet den Emile Eicher.
"Hie ka mat deene Gemengen dann och méi geziilt iwwert méiglech Problemer diskutéieren. Vläicht och Saachen an d'Weeër leeden, zesumme mat de Gemengen, fir eng Kommunikatioun op déi Leit, déi wierklech betraff sinn, ofzestëmmen. Wann ee mat Jugendleche schwätzt, schwätzt een eng aner Sprooch wéi mat Betriber, oder Leit, déi sech vläicht op engem Familljefest ugestach hunn. T'muss een einfach vill méi eng geziilt an diversifizéiert Kommunikatioun féieren, soss areecht een déi Leit net, déi een u sech wëll erreechen."
Den Emile Eicher fënnt et total falsch, dass mat där Kaart elo méiglech Stigmatisatioune kéinten entstoe vu Regiounen. Dat wier de komplett falsche Wee.
Esch: D'Stad ass als Hotsspot duergestallt, obwuel de Kanton gemengt ass
Och den Escher Buergermeeschter Georges Mischo fënnt d’Kaart onglécklech, well seng Stad elo als den Hotspot duergestallt wier, obwuel et natierlech de Kanton wier.
Wéi vill Leit zu Esch selwer infizéiert sinn, dierf de Buergermeeschter net soen. Hie fënnt et dann och richteg, datt déi Chifferen net genannt ginn. "Wa mer elo ufänken, eng Gemeng géint déi aner auszespillen, well déi eng 3 Infektioune méi huet, da schafe mer keng gutt Stëmmung. An dat soll net sinn." D'Kaart ass jo schonn net ganz glécklech, ma wann een elo ufänkt deen ee mat deem aneren ze vergläichen, dat hätt kee wäert.
Vun enger Katastroph schwätzt de Georges Mischo awer iwwregens, wann et ëm d’Escher Geschäftswelt, an iwwerhaapt de lokale Commerce am Süden geet.Déi géifen elo natierlech nees ferme ënnert der Symbolik leiden.