
De Statec confirméiert déi nächst Indextranche fir de Mount September oder Oktober. Dono kéint eng nächst Tranche am 3ten Trimester 2024 erfalen.
Fir dëst Joer ginn 3,9% Inflatioun virausgesot, sou wéi virgesinn.
Fir d’nächst Joer léich d’Präisdeierecht da bei 2,5%, esou de Statec.
De Statistik-Büro verweist awer och op d’aktuell Evolutioun vun de Pëtrolspräisser, déi lo nees erop gaange sinn an doduerch manner zum Réckgang vun der Inflatioun kéinte bäidroen.