StatecDéi nächst Indextranche warscheinlech schonn den nächste Mount

Jean-Marc Sturm
D'Russen iwwerfalen d'Ukrain, d'Präisser vun de Pëtrolsproduite ginn duerch de Plaffong, et wäerte warscheinlech dëst Joer zwou Indextranchë ginn.

Previsioune vum Statec - Reportage vum Jean-Marc Sturm

Déi nächst wuel schonn an engem Mount, wann ee bedenkt wat Sprit, Diesel, Brennes an Äerdgas kaschten. An dësen onsécheren Zäite mécht de Statec trotzdeem ekonomesch Prognosen.

Esou schlecht zéie mir eis dem Statec no net aus der Affär.

Et soll beim Wuesstem bleiwen, och wann dee progressiv méi kleng gëtt. Vun 3,5% dëst Joer iwwer 4% dat nächst Joer bis déi 3 Joer drop bei 2,2%.

Den Aarbechtsmaart soll déi nächst Joren tëscht 2,6 an 2,3% klammen. Et geet ee bis 2026 vun engem Plus vu 70.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg aus. Et geet Richtung 250.000 Frontalieren, déi méi wéi 50% vun den nei geschaaften Aarbechtsplaze wäerten hunn. 2026 wäerte mer dann den ominéise 700.000-Awunnerstaat erreecht hunn.

De Chômage, esou de Statec bleift bis 2026 mat ëm déi 4,5% stabel.

D’Inflatioun ass dëst Joer mat 4,4% héich. Se wäert sech awer wuel bei ronn 1,4% an den nächste Joren apendelen.

Wat den Ukrain-Konflikt betrëfft, wier et schwéier, virauszesoen, wat dee fir makroekonomesch Konsequenzen huet. Beim Statec geet een dervunner aus, dass d’europäesch Zentralbank de Leetzëns deemnächst wäert héijen. D’Bourssen, esou de Statec, dierften un Dynamik verléieren. Trotzdeem géif de Finanzsecteur um Enn vu méi héijen Zënse profitéieren.

D’Staatsfinanze bleiwe relativ am Equiliber, mat enger Tendenz Richtung Iwwerschoss. De Staat profitéiert do virun allem vun engem dynameschen Aarbechtsmaart.

Wéi et mam Pëtrolspräis virugeet ass eng grouss Inconnue. Wann ee bedenkt, virun engem Joer huet de Barrel 43 Euro kascht. Haut sinn et 100 Euro méi.

Et sinn interessant Perspektive vum Statec. Wat ee vermësst, ass eng Ausso a Saache Logement.

Back to Top
CIM LOGO