Den Transportminister François Bausch huet e Freideg de Mëtteg d'Zuele vun de Stroossenaccidenter vun zejoert offiziell presentéiert. 265 uerg oder déidlech Accidenter gouf et op eise Stroossen. Am Ganze goufen et 947 Accidenter bei deene Leit blesséiert goufen, hei sinn also och déi liicht Blessurë mat agerechent.
An de meeschte Fäll waren déi déidlech a schlëmm Onglécker op ze héich Vitesse zeréck ze féieren. A 16 Fäll war Gerenns de Grond fir een déidlechen Accident. An 3 Fäll war zejoert den Alkohol Schold.
Par Rapport zu 2017, goufen et zejoert 7 déidlech Accidenter méi, wéi nach dat Joer virdrunner. D'Lescht Joer gouf et därer 31, mat 36 Doudegen. 2017 gouf et 24 mat 25 Doudegen. Zuel vun den Doudege klëmmt domadder ëm 44 Prozent.
3 Foussgänger koumen zejoert da bei engem Accident ëm d'Liewen. 34 goufe schwéier blesséiert.
Par Rapport zu 2017, goufen et zejoert 7 déidlech Accidenter méi, wéi nach dat Joer virdrunner.
De Minister schwätzt vu Pech. Ëmmerhi gouf et eleng zwee Accidenter mat siwen Doudeger, déi e groussen Impakt op de Bilan gehat hätten. Haaptgrënn fir déi am Ganzen 265 méi uerg Accidenter waren och zejoert nees d'Vitesse, den Alkohol an geféierlecht Verhalen.
Op der Strooss wär awer och d'Oflenkung wéinst dem Handy oder dem Ecran um Tableau de Bord immens geféierlech, esou de François Bausch. Hien ass der Meenung, dass esou Touch-Ecran'en misste verbuede ginn, respektiv wärend dem Fueren net dierfte fonctionnéieren. Ma esou ee Verbuet misst op Europäeschem Niveau decidéiert ginn.
Eng éischter Kéier war bei der Pressekonferenz fir d'Presentatioun vum Bilan vun den uergen Accidenter och déi jonk Administration des Enquêtes techniques dobäi. Den Numm seet et schonn: d'Mataarbechter vun där Administratioun sinn zoustänneg fir d'Sécherheet op der Strooss ze verbesseren. Si maachen eng Synthees vun allen Stroossenaccidenter a maache Proposen, wéi een d'Infrastrukture kéint amelioréieren.
Verzweiwelt huet den zoustännege Minister bei dëser Statistik gewierkt: par Rapport zu zejoert ass och d'Zuel vun Doudesaffer déi kee Sécherheetsgurt unhaten nees geklommen. Dobäi wär et ganz einfach, sot den François Bausch: de Sécherheetsgurt erhéicht d'Iwwerliewenschance bei all Accident. Dat ass e Fakt.
D‘National 7 tëscht dem Fridhaff an der Wämperhaart soll méi sécher gemaach ginn. Dat huet de zoustännege Minister François Bausch haut nach eng Kéier confirméiert. E Mëttwoch den Owend war et do jo zu engem schroen Accident komm, mat engem Doudegen an zwee schwéier Blesséierten. Et wär awer de falsche Message no baussen, fir elo ze soen, den Accident hätt duerch Leitplanke kënne verhënnert ginn, esou de François Bausch. Vill méi wär den Automobilist op d‘Géigenspuer geroden. De Mënsch wär deemno hei am Feeler gewiescht. Den Accident war op enger Plaz geschitt, wou 110 Kilometer an der Stonn erlaabt sinn.
De François Bausch huet awer gesot, et géif een eng eenheetlech Héchstvitesse vun 90 Kilometer an der Stonn fir déi ganz N7 viséieren. Bis dohi missten nach all déi Lénksofbéier op där Streck ofgeschaaft ginn. Bis déi ganz N7 erneiert wär, kéint et awer nach 2, 3 oder esouguer véier Joer daueren, esou huet den Transportminister geschat.
Méi Infoen elo geschwënn!