
Den Accident mat méi Gefierer ass géint 12.15 Auer op der Tréierer A1 a Richtung Belsch geschitt, tëscht dem Houwalder Tunnel an dem Gaasperecher Kräiz. De Chauffer vun engem Camion krut um Enn vun engem Stau d’Autoen ze paken.
Eng Fra vun 48 Joer aus der Stad ass nach op der Plaz un hire schwéiere Verletzungen verscheet. Eng weider Persoun gouf schwéier verwonnt aus hirem Auto gebuergen a koum an d’Spidol, 3 weider Persoune goufe liicht blesséiert.
D’Spueresécherung vun der Police ass op d’Plaz geruff ginn. Eng Autopsie gouf ordonéiert.
En Deel vun der Autobunn war komplett gespaart, dat nach bis e Freideg den Owend.
E weideren Accident gouf et dann op der Streck tëscht Koplescht a Mamer, um CR101. Och déi Strooss war komplett fir den Trafic gespaart. Wéi d’Police präziséiert, hate sech 2 Ween no engem Iwwerhuelmanöver frontal ze pake kritt. Een Auto gouf an de Gruef geschleidert. Zwou Persoune goufe blesséiert a koume fir eng Kontroll an d’Spidol. Géint 13.30 Auer koum d’Entwarnung, dass den Accident geraumt wier.