
Op der Cour d'appel an der Stad gouf e Mëttwoch am Nomëtten am zweete Prozess ëm en déidlechen Accident mat Fahrerflucht am Juni 2016 um Monkeler zu Esch-Lalleng a wäiten Deeler d'Confirmatioun vum 1. Uerteel gefrot.
Am November war e Mann dowéinst zu 15 Méint Prisong mat Sursis, zu enger Geldstrof vun 2.500 Euro an zu Fuerverbueter vun am Ganze 6 Joer veruerteelt ginn. De Sursis dozou, deen an 1. Instanz bei 3 Joer louch, sollt allerdéngs an zweeter méi large ausfalen.
De Mann hat deemools mat ronn 1,8 Promill Alkohol am Blutt nuets an der Autobunnsopfaart a Richtung Rondpoint Raemerech e 24 Joer ale Mann ugestouss an déidlech blesséiert.
Nom Accident war de Beschëllegte kuerz stoe bliwwen an du fortgefuer. E puer Stonnen no de Faiten hat hie sech awer bei der Police gemellt. D'Appellsuerteel ass fir de 5. Juni.