
An engem Supermarché an der Route de Thionville zu Alzeng gouf eng Persoun beim Klauen erwëscht. D'Police gouf geruff a well et sech ëm ee Widderhuelungstäter handelt, deen op Sursis nees op fräiem Fouss war, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Géint 20.30 Auer gouf der Police eng Persoun op engem privaten Terrain zu Steebrécken gemellt, déi sech verdächteg géing verhalen. E puer Policepatrullen hu sech no enger Täterbeschreiwung op d'Sich gemaach a konnten déi gemellte Persoun an der Lëtzebuerger Strooss ermëttelen. Bei der Kontroll goufe verschidde Géigestänn séchergestallt, déi aus engem net zougespaarten Auto op deem Grondstéck geklaut gi waren. De Parquet gouf informéiert an et gouf protokolléiert.
Zu Bouneweg si kuerz virun 21 Auer 2 Männer op e Schantjen um Leschte Steiwer agebrach a versicht Material ze klauen. Wéi d'Police op d'Plaz koum hu si sech duerch d'Bascht gemaach, se konnten awer kuerz drop fonnt ginn. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen um Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.