VIDEO: Gesetz nach net gestëmmtDelai vun obligatoreschen Dampmelder op Ufank 2020 geréckelt

RTL Lëtzebuerg
Den Dampmelder sollt fir den 1. Januar 2019 an all Wunneng obligatoresch ginn. D'Gesetz gouf awer nach net gestëmmt.
Delai vun obligatoreschen Dampmelder op Ufank 2020 geréckelt
Den Dampmelder sollt fir den 1. Januar 2019 an all Wunneng obligatoresch ginn. D'Gesetz gouf awer nach net gestëmmt.

Den neien Delai ass elo den 1. Januar 2020, also d'nächst Joer geréckelt. Da mussen all nei gebaute Wunnengen op d'mannst een Dampmelder hunn, déi aner Gebaier mussen nogerëscht ginn. Den Ament stinn nach e puer Froen op, virop wat d'Assurancen ugeet. D'Inneministesch Taina Bofferding betount, datt een den Dialog mat der Assurancen-Associatioun ACA géif sichen. Et géif een der ACA proposéieren, datt d'Bierger eng Prime op der Assurance solle kréien.

Sanktiounen a Kontrolle sinn am Gesetz net virgesinn, et géif drëms goen d'Leit ze warnen, net se ze bestrofen.

Back to Top
CIM LOGO