D’Elisabeth Margue huet d’Mandat vum Viviane Reding iwwerholl. Déi 32 Joer jonk Deputéiert kënnt aus enger ganz politescher Famill. Ënnert anerem war den Urgrousspapp Minister an hire Klenge Koseng ass de Charel Margue, dee fir déi Gréng an der Chamber sëtzt.
Zenter 15 Joer schonn ass d’Elisabeth Margue an der CSV aktiv. 2016 ass déi jonk Politikerin Presidentin gi vun der CSJ, der Chrëschtlech-Sozialer Jugend, 3 Joer drop Vizepresidentin vun der Mammepartei an zënter Mäerz vun dësem Joer ass si zesumme mam Claude Wiseler Kopresidentin vun der CSV.
Och wa si scho laang politesch Aktiv ass, ass d’Parlament awer eng ganz nei Erfarung fir déi studéiert Affekotin. Si wäert sech virop ëm d’Dossieren, Logement, Justiz an Digitaliséierung këmmeren.