Dag vum Lëtzebuerger GesondheetssystemDem Doktermangel entgéintwierke mat bessere Konditiounen

Diana Hoffmann
Am Land feelt et un Dokteren. De Problem dierft sech an den nächste Joren nach verschäerfen, wa vill Medezinner an d'Pensioun ginn.
Dem Doktermangel entgéintwierke mat bessere Konditiounen
Am Land feelt et un Dokteren. De Problem dierft sech an den nächste Joren nach verschäerfen, wa vill Medezinner an d’Pensioun ginn.

Nowuess gëtt also dringend gebraucht. D’Medezinsstudenten an Assistenzdokteren hunn och Virschléi, wéi ee méi jonk Dokteren op Lëtzebuerg unzéie kéint.

Eng 60 Medezinsstudenten haten um Samschdegmoien de Wee an de Rehazenter fonnt, fir sech iwwer d’Beruffsbedéngungen zu Lëtzebuerg ze informéieren. De ganzen Dag iwwer goufen Atelieren organiséiert. Am Fokus stoung d’Thema Digital Gesondheet. An dësem Beräich kéimen nämlech elo extrem vill Ännerungen a punkto IT-Infrastruktur, Programmer a Logiciellen, seet den Dr. Jean-François Michel. “D’Doktere mussen do wierklech waakreg ginn a realiséieren, datt se sech mussen eraschaffen”, seet de Generalist, deen och zwee Ateliere fir den Dag vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem organiséiert huet.

De Moment studéieren eng 1.000 Lëtzebuerger Medezin, vill am Ausland. De Bachelor kann een antëscht hei am Land maachen. “Mir wieren awer frou, wann et de ganze Medezinstudium wier. Inklusiv engem Universitéitsklinikum”, betount d’Anne Eyschen, Presidentin vun der Association Luxembourgeoise des Etudiants en Médecine. Dann hätten déi Leit, déi zu Lëtzebuerg wëlle bleiwen, och d’Méiglechkeet, dat ze maachen. En anert Uleies vun der Associatioun ass, dass dat lescht Joer am Studium, wat e praktescht ass, net bezuelt gëtt. An anere Länner ass dat nämlech de Fall.

Besser Aarbechtskonditioune wënsche sech och Dokteren, déi dobäi sinn, sech ze spezialiséieren, sougenannte MEVS (Médecins en Voie de Spécialisation). Si wënsche sech en uniforméierten Aarbechtskontrakt. “Dass all d’Assistenzdokteren ënnert deene selwechte Konditioune schaffen a reguléiert Aarbechtszäiten hunn”, ënnersträicht d’Lisa Zangarini, Vizepresidentin vun der Association Luxembourgeoise des Médecins en Voie de Spécialisation. Iwwerstonnen a Gardë géingen zwar zum Beruff gehéieren, sollen awer anstänneg remuneréiert ginn.

Schliisslech géing et hei am Land schonn e Manktem un Doktere ginn. 36 Acteuren aus dem Secteur waren dofir e Samschdeg do, fir de Jonken hir Onsécherheeten ze huelen. Och si stelle sech d’Fro, wéi ee méi Doktere forméiert kritt, déi hei am Land wëlle schaffen. En direkte Grond, wisou en Doktermangel ass, kann den Dr. Serge Allard sech och net erklären. Hie kéint sech als méigleche Léisungsusaz virstellen, datt d’Politik oder de Ministère dofir suergt, datt e puer Plazen am Ausland opgemaach gi fir Lëtzebuerger. “Déi géinge sech dann awer dozou verflichten, op Lëtzebuerg zréckzekommen, fir hei ze schaffen”, seet de President vun der Société Luxembourgeoise de Pédiatrie. Fir datt een net an Zukunft nach Lëtzebuerger Dokteren un d’Ausland verléiert.

Back to Top
CIM LOGO