Katar-LëtzebuergD'Emirat investéiert a Sport a Relioun

Anne Wolff
Schonn e Méindeg hate mir eis ugekuckt, dass Lëtzebuerg iwwert eng kuerz Zäit méi intensiv Relatioune mam Katar hat.
Katar-Lëtzebuerg: D'Emirat investéiert a Sport a Relioun
Schonn e Méindeg hate mir eis ugekuckt, dass Lëtzebuerg iwwert eng kuerz Zäit méi intensiv Relatioune mam Katar hat.

RTL-News: Katar-Lëtzebuerg - eng kuerz Frëndschaft?Dat net nëmmen um wirtschaftlechen, mee och um soziokulturelle Plang. De Golfstaat huet hei am Land a Relioun a Sport investéiert.

Sief et am Futtball oder am Handball: de grousse Logo op den Trikote war net ze iwwersinn. 2013 war d’Airline Sponsor vun der Fola an dem Handball Esch.

D’kataresch Sue ginn awer net just an de Sport, mee 2012 iwwert d’Qatar Charity och an eng Bouneweger Moschee. An der Press geet deemools rieds vun engem Montant ëm déi zwou Milliounen Euro.

Bei der Aweiung vum neie Centre islamique war de kataresche Ambassadeur, awer och d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, dobäi. Dat wier allerdéngs ganz normal, erkläert d’Buergermeeschtesch, ma natierlech misst een oppassen, dass all Organisatioun sech un d’Lëtzebuerger Gesetzer hält.

Eng Donatioun ass effektiv net illegal. Allerdéngs steet d’Qatar Charity scho méi laang an der Kritik. Der ONG gi Liene mat der an Däitschland als extremistesch aklasséierter Muslim-Brudderschaft reprochéiert. De Katar soll als Staat och ëmmer nees Terror matfinanzéiert hunn.

D’Proximitéit vun der Bouneweger Moschee zu der Brudderschaft ass public.

Virun deem Kader stellt d’CSV 2019 eng parlamentaresch Fro zu de Finanzementer vun der Bouneweger Moschee, op déi allerdéngs ni eng präzis Äntwert koum.

Op Nofro vun RTL äntwert de Staatsministère dëser Deeg, et hätt nach ni Verurteelunge wéinst illegale Suen-Transferte bei der Shoura, dem islameschen Daachverband ginn, also hätt een näischt ënnerholl.

Aus der Shoura selwer konnt kee virun d’Kamera. Et confirméiert een de katareschen Don, awer net de Montant. Deemools hätt een dat gebraucht, well et nach keng staatlech Ënnerstëtzung gouf. Allerdéngs wier ee vu kengem auslännesche Staat ofhängeg.

2015 gouf en Accord fonnt, all d’Cultë gi mëttlerweil vum Staat subventionéiert, dorënner och den Islam mat 450.000 Euro.

Kater-Lëtzebuerg: Sport a Relioun / Reportage Anne Wolff

Back to Top
CIM LOGO