Op AarbechtsvisittDen Ausseminister Jean Asselborn ass um Dënschdeg a Mëttwoch an Irland

RTL Lëtzebuerg
Hien ass ënnert anerem bei enger Zeremonie zu Dublin dobäi, wou de Grand-Duché eng 1. Kéier eng fix Ambassade an der irescher Haaptstad kritt.

Donieft huet de Lëtzebuerger Chef-Diplomat Gespréicher mat sengen Homologen am Aussen- an Europaministère.

Déi Annonce hat den Ex-Finanzminister Gramegna leschten Hierscht bei der Budgetspresentatioun fir dëst Joer gemaach. Bis ewell war d’Lëtzebuerger Ambassade fir Irland an déi zu London integréiert. D’Ambassadrice Florence Ensch plënnert deemno elo an Irland.

Back to Top
CIM LOGO