
Mir mussen eis hei am Land genee wéi am Ausland och drop astellen, datt d’Infektiounszuelen mam Coronavirus nach weider klammen. Dat sot en Donneschdeg den Owend den Dokter Thomas Dentzer an engem Facebook-Live-Evenement vun der Santé. An de leschte 24 Stonnen sinn 1.230 Leit positiv getest ginn. Donieft ass och eng weider Persoun gestuerwen.
De Virolog aus der Santésdirektioun betount, datt ee sech onbedéngt soll impfen an och boostere loossen. An dat esou séier wéi méiglech, fir d’Omikron-Well méi flaach ze halen.
Den Thomas Dentzer wier sech sécher, datt de Booster och fir Jonker ënner 18 Joer wäert opgemaach ginn. D’Santé huet an där Fro nach net tranchéiert. Dem Virolog no wier d’Erweiderung vun der drëtter Dosis den Ament och eng logistesch Fro. Den Ament wieren d’Kapazitéiten an de Vaccin méi knapp bemooss.
Déi 1.230 Neiinfektioune vum Donneschdeg bleiwe keng Ausnam! Dovunner ass de Virolog Thomas Dentzer aus der Santésdirektioun iwwerzeegt. Hie rechent domadder, datt d’Chifferen e Freideg an där selwechter Gréisstenuerdnung leien.
D’Neiinfektioune ginn ëmmer vun Hallefnuecht bis Hallefnuecht gezielt an en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg hat d’Santé schonn eng 800 Stéck gemellt kritt.
Omikron ass do a jidderee vun eis wäert an deenen nächsten Deeg respektiv Wochen domadder a Kontakt kommen, esou den Thomas Dentzer, deen dovunner ausgeet, datt déi nei Variant zu Lëtzebuerg eng 40 bis 50 Prozent vun den Neiinfektiounen ausmécht.