
Den Educatiounsminister huet um soziale Reseau en Artikel gedeelt, mat der Noriicht, dass Jugendlecher vun 12 Joer un elo an den USA dierfen e Booster kréien. Mä dofir brauch ee guer net esouwäit kucken ze goen.
D’Saarland mécht et nämlech och. Zanter e Méindeg kënne Jugendlecher tëscht 12 an 17 Joer e Booster-Vaccin kréien. Souguer schonn 3 Méint no hirer zweeter Impfung.
Och d’Bundesland Nordrhein-Westfalen geet op dee Wee. D’Demande no enger Opfrëschung wär grouss, erkläert de Gesondheetsminister vun NRW Karl-Josef Laumann. Esouwuel vun de Jugendleche selwer, ewéi och vun hiren Elteren. Déi däitsch Impfkommissioun STIKO recommandéiert nach keng Rappeller fir déi Alterskategorie. Si seet den Ament nach: Booster vun 18 Joer un. Zu Lëtzebuerg gëllt dat jo och nach.
Mä wéi laang nach?
Den Educatiounsminister Claude Meisch schreift op Twitter, hoffentlech kéinten och hei am Land geschwë Jonker geboost ginn. Dat géif méi Fräiheet fir si bedeiten. D’Schoulen wäre méi sécher. Den DP-Minister dierft sech also bei senge Regierungskolleege fir dee Schratt asetzen.
D’Medikamentenagence an den USA huet och gréng Luucht gi fir Rappeller vun der Impfung géint de Coronavirus fir Jugendlecher vun 12 Joer un. Wéinst der rapider Verbreedung vun der Omikron-Variant wär dat néideg. Medezinesch Risike fir déi Jugendlech géif et duerch de Booster quasi keng ginn.
De Buergermeeschter vun New York Eric Adams arrangéiert d’Annonce vun der FDA. Wéi hei zu Lëtzebuerg probéiert een och an den USA d’Schoule mat alle Mëttelen op ze loossen. An dat mat iwwer enger Millioun Neiinfektioune bannent engem Dag.
Déi europäesch Medikamentenagence EMA huet nach keng kloer Recommandatioun iwwer de Booster fir Jugendlecher erausginn. Grad ewéi de Lëtzebuerger Conseil supérieur des maladies infectieuses.
