Weltdag fir d'Erënnerung un den Holocaust"Den Hitler ass dout, mä den Nationalsozialismus ass erëm do"

Jeannot Ries
Dat sot den Zäitzeie Gerd Klestad, deen e Samschdeg zu Esch un enger Gedenkzeremonie deelgeholl huet.
"Den Hitler ass dout, mä den Nationalsozialismus ass erëm do"
Dat sot den Zäitzeie Gerd Klestad, deen e Samschdeg zu Esch um Weltdag fir d’Erënnerung un den Holocaust un enger Gedenkzeremonie deelgeholl huet.

E Samschdeg den Owend gouf um Weltdag fir d’Erënnerung un den Holocaust och hei am Land den Affer vum Nationalsozialismus geduecht. Vun de 4.000 Judden, déi 1940 hei zu Lëtzebuerg gelieft hunn, si der ronn 1.250 wärend der Shoah ëmkomm.

Zu Esch war eng Zeremonie a Presenz vum Premier Luc Frieden an och engem Zäitzeien. De Gerd Klestadt, deem seng Famill 1943 an Holland verroden an deportéiert gouf, koum am Alter vun 12 Joer an d’Konzentratiounslager vu Bergen-Belsen bei Hanover. Do wou säi Papp 1945, zwee Méint virun der Liberatioun, u senger Säit gestuerwen ass. Zanter iwwer 20 Joer setzt sech deen haut 91 Joer ale Mann géint Intoleranz, Haass an Ignoranz an.

“Ech sinn Iech extreem dankbar, datt Der ëmmer erëm dat matdeelt, virun allem bei Jonken, wat Dir an Är Famill, esou wéi vill aner jüddesch Familljen erlieft hutt”, sou de Premier Luc Frieden e Samschdeg den Owend zu Esch.

No enger schwéierer Depressioun an den 90er Joren huet den Zäitzeien d’Decisioun getraff, op déi Jonk duerzegoen, fir d’Erënnerung héich ze halen.

“Mir mussen oppassen, well den Hitler ass dout, mä den Nationalsozialismus ass erëm do”, sou de Gert Klestadt. Et si Fändelen erëm eng Kéier do. Op Kierfechter ginn Hakenkreuze gemoolt, op de Stelle vun de Judden. Dofir musse mer hei sinn. Dofir muss déi Manifestatioun all Joer gemaach ginn.”

De Rietsextremismus an Europa dierft keen Nährbuedem fannen, op deem den Antisemitismus nees wuesse kéint.

“Ech fanne fantastesch, wat an Däitschland geschitt ass, wou Dausende vu Leit demonstréiert hunn, géint d’AFD."*

Hei zu Lëtzebuerg wier et zum Gléck “ein klein bisschen heile Welt”, mä och hei zu Lëtzebuerg misste mer oppassen. Oppassen, datt mer mateneen a firenee liewen, sou dee Mann, deen es net midd gëtt, a Schoulen ze goen, deen es net midd gëtt, den Dialog mat der Jugend ze sichen, fir eent: Ni vergiessen, Ni méi.
Never forget. Never again!

“Ech si stolz, datt ech zanter iwwer 20 Joer, iwwer 20.000, 25.000 Jugendleche meng Temoignagen, le devoir de ma mémoire an der Schoul maachen. An ech hoffen, ech kann dat nach vill Joer maachen.”

Ee Feeler dierft net geschéien, mat Bléck op dat, wat den Ament am Noen Osten tëscht Israel an der Hamas geschitt: Politik an den Holocaust dierften net vermëscht ginn.

“Dat hei ass keng Politik, dat hei ass eng Commemoratioun. Fir déi 6 Millioune Judden, déi ëmkomm sinn. An déi Honnertdausenden a Milliounen, déi ëmkomm sinn am Zweete Weltkrich, well se eng anerer Meenung hate wéi d’Nazien.”

Zeremonieë wéi déi e Samschdeg zu Esch, op där Plaz, wou d’Nazien 1941 déi al Synagog ofgerappt hunn, missten eng Commemoratioun bleiwen. Dat wier keng Plaz fir politesch Rieden, sou den Zäitzeie Gert Klestadt.

*Och de Weekend sinn nees honnertdausende Leit an Däitschland op d’Strooss gaangen, fir géint Rietsextremismus ze demonstréieren.

Back to Top
CIM LOGO