
D’CCDH rifft de Minister dozou op, sech un hirem Rapport ze orientéieren. D’CCDH erënnert de Minister drun, datt si an hirem 5. Rapport iwwert Mënschenhandel recommandéiert huet, mat méi Personal, enger multidisziplinärer Approche an internationalen Informatiounsaustausch géint organiséiert Kriminalitéit virzegoen.
D’CCDH kritiséiert iwwerdeems och, datt Debatten iwwer d’Mendicitéit dacks politiséiert ginn an op diskriminatoreschen Stereotyppen baséieren. Déi aktuell Mesurë wieren éischter repressiv a géifen net op de Mënscherechter baséieren.
Iwwerrascht ass d’consultativ Mënscherechtskommissioun dann och doriwwer, datt den Inneminister mengt, d’CCDH géif déi gemeinsam Policepatrullen mat rumänesche Polizisten ënnerstëtzen. Hirer Meenung no riskéiert dat Stigmatiséierung ze verstäerken.