
“Et ass kloer am Liewen, datt een egal wéi mat Recul ëmmer méi intelligent ass.” Dat seet den Nicolas Mackel, CEO vun der Entwécklungsagence Luxembourg for Finance, iwwert de Widderstand aus dem Bankesecteur, deemools, wéi d’Bankgeheimnis fir Net-Residenten ofgeschaaft gouf.
Dat war awer eng Noutwennegkeet, sou den Nicolas Mackel. “Et huet Lëtzebuerg iwwerhaapt mol erlaabt, weider kënnen ze schaffen. Well wa mir dat net gemaach hätten, da wäre mir zu engem Pariah ginn, ganz einfach!” , seet de Chef vun LFF, der Agence, déi dës Woch 15. Anniversaire feiert. De Risiko wier soss gewiescht, datt Lëtzebuerg “esou e schlechte Ruff gehat hätt, datt och déi aner Aktivitéiten drënner gelidden hätten.”
LFF schafft vill um gudde Ruff vu Lëtzebuerg, deen iwwert déi lescht Joren ëmmer nees duerch Froe wéi d’Bankgeheimnis oder Besteierung vun de Betriber a Fro gestallt war.
Ee Véierel vun der Ekipp vun 19 Leit schafft an der Kommunikatioun, këmmert sech ëm Publikatiounen, Social Media an d’Internetsäit. Den Nicolas Mackel selwer ass, zanter hien de Poste vum CEO ugeholl huet, eng Ulafstell fir lëtzebuergesch an auslännesch Journaliste ginn, wann et drëms geet, Sujeten ëm d’Finanzplaz ze kommentéieren.
Sou huet hien och eng Äntwert parat, wann et drëms geet, datt Lëtzebuerg aktuell ëmmer nach wéinst komplexe Firmestrukturen an der Kritik steet. Trotz ville Reforme vun der internationaler Steierlandschaft sinn déi sougenannt Holdingen oder Soparfien - also Gesellschaften, deenen hiren eenzegen Zweck et ass, Participatiounen an anere Gesellschaften ze huelen - zu Lëtzebuerg net verschwonnen.
“Si contribuéieren zum Beispill zu engem Véierels vun der Betribssteier an engem Véierels vun de Gemengesteieren zu Lëtzebuerg. Firwat ass dat dann nach ëmmer esou grouss an esou wichteg? Ma well international Investitiounen net kënnen ouni esou Gesellschaftsstrukturen duerchgefouert ginn.”
Zanter der Grënnung vu LFF ass d’Agence bestänneg gewuess a beschäftegt antëscht 19 Mataarbechter. “Mir sollen hëllefen, nei Mäert erschléissen”, erkläert hire CEO Nicolas Mackel d’Aufgabe vun LFF, “geografesch Mäert, mä awer och thematesch Mäert. LFF soll also den Acteure vun der Finanzplaz – Banken, Fongegesellschaften, Assurancen - hëllefen, an neie Länner Clienten ze fannen, mä och nei Produite fir déi Clienten z’entwéckelen.”
LFF mécht awer och Iwwerleeungen, wat de Standuert ugeet: “Mir sollen hëllefen hei zu Lëtzebuerg matzedenken, wat Lëtzebuerg a sengem Environnement fir d’Finanzinstituter soll bidden, fir méi attraktiv ze sinn.”
De Budget vun der Agence läit bei 6,25 Milliounen Euro d’Joer. Dovun dréit de Staat 80 Prozent an de Privatsecteur 20 Prozent. D’Strategie an den Aktiounsplang vun LFF ginn am Conseil d’administration festgeluecht, dee vun der Finanzministerin presidéiert gëtt an, an deem d’Beruffsvertriedungen an d’Chambre de Commerce vertruede sinn.
Eng vun de groussen Ëmwälzungen, déi de Secteur an deene leschte Joer beschäftegt huet a weider wäert beschäftegen, ass d’Digitaliséierung. Dat gëllt net just fir Produiten an nei Applikatioune fir d’Clienten, wéi digital Payementer. Mä och betribsintern an de Prozesser, wat Konsequenze fir d’Mataarbechter huet. Dat géif net onbedéngt heeschen, datt Plaze verluer ginn, well “da muss jo nach ëmmer een hëllefen, déi Programmer vun der Digitalisatioun schreiwen, et muss een hëllefen, dat en oeuvre ze setzen, et muss een dat dono applizéieren. An dat sinn nei Jobs, déi do fonnt ginn. T’ass bësse wéi fréier de Päerdsschmadd, deen ersat ginn ass duerch de Garagiste, dee Gummispneuen opgeluecht huet.”
Dofir ass ee vun de grousse Defien, wéi an anere Branchen och: “Talenter, Talenter, Talenter”. Fir datt Lëtzebuerg als Standuert, mat den héije Loyeren, héije Paien a sengem Indexsystem attraktiv bleift, misst dofir vill méi wéi bis elo investéiert ginn, seet den Nicolas Mackel. “An d’Formatioun vun de Leit, an d’Formation continue, dat wat een nennt upskilling a reskilling. Dat wiere Mesuren, déi wierklech géifen dozou bäidroen, déi Käschtekonsideratiounen, déi ebe bei Lëtzebuerg opkommen, deelweis och ze begläichen.”
Dem Nicolas Mackel no misst d’Regierung en Deel vun dësem Defi mat stemmen. Am Kloertext bedeit dat, dass si mat bezuele misst. Auslännesch Betriber wieren nämlech net gezwongen, op Lëtzebuerg ze kommen. “Mir hätte gär, datt si hei Aktivitéiten developpéieren, well dat eis zegutt kënnt, mä si hunn de Choix, fir et och anzwousch anescht ze maachen.”
Fir d’Zukunft gëtt et nach aner Defien. “Et gëtt jo bal kee Finanzproduit méi, deen net ënner iergendenger Form d’Wierder ‘durable’ oder ‘nohalteg’ an der Beschreiwung huet. Mä d’europäesch Reegelwierk ass iwwert déi lescht Joer stänneg ugepasst ginn”, seet den Nicolas Mackel, deen dowéinst d’Gefor gesäit, fir d’Acteuren ongewollt dogéint ze verstoussen an dowéinst bloussgestallt ze ginn.
De Risk vu Greenwashing wier eng Realitéit. Eng gutt Reglementatioun fir gréng Finanzproduiten ass dowéinst fir den Nicolas Mackel, nieft der Digitaliséierung dee wichtegste Sujet iwwerhaapt, “well et éischtens existenziell ass fir d’Mënschheet. Wa mer net déi Ziler vu Paräis erreechen, da wäert et eis iergendwann net méi ginn oder net an där Form, wéi mer se haut kennen. Mee et ass och genee dat, wou ee mierkt, datt d’ganz Finanzindustrie sech dohin orientéiert an sech engagéiert huet, fir dohin ze kommen. An dofir eleng schonn musse mir als eng international a sophistiquéiert Finanzplaz, deen Trend net nëmme mat begleeden, mä mat féieren.”