Lëtzebuerger BlannevereenegungDen Thierry Lutgen gëtt neie Generaldirekter

RTL Lëtzebuerg
Hie war virdrun de stellvertriedende Generaldirekter vun der Organisatioun.
Vu lénks no riets: Den Thierry Lutgen, de Paul Ensch an de Christian Erang.
Vu lénks no riets: Den Thierry Lutgen, de Paul Ensch an de Christian Erang.
© Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung

E Freideg huet d’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung matgedeelt, datt de Christian Erang zum 1. Januar 2022 d’Generaldirektioun un den Thierry Lutgen iwwerginn huet.

De Christian Erang, dee virun 18 Méint als Firmeberoder d’Aufgab iwwerholl hat, d’Fondatioun nei ze organiséieren, wiesselt op de Poste vum stellvertriedende Generaldirekter a bleift deemno weider fir d’Lëtzebuerger Blannevereenegung aktiv.

Back to Top
CIM LOGO