RIPDen Tun Van Rijswijck ass am Alter vun 59 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vun RTL an BCE sinn traureg iwwer den Doud vun hirem laangjärege Kolleeg, dem Tun Van Rijswijck.
© BCE

Hien huet zulescht als COO, Chief Operating Officer vun der BCE um Kierchbierg an der RTLCity geschafft. Am Joer 1982 huet den Tun Van Rijswijck awer well beim RTL Productions Grupp ugefaange mat schaffen, dat op ënnerschiddleche Positiounen.

Den Tun Van Rijswijck ass no schwéierer Krankheet gestuerwen. Hie krut 59 Joer.

Wat de Futtball ugeet, huet de Brudder vum laangjäregen Nationalgoalkeeper John Van Rijswijck, 1990 als Kapitän vum "Swift Hesper" d’Coupe de Luxembourg am Futtball gewonnen.

Senger Famill eist häerzlecht Bäileed.

Foto aus dem Gëllene Buch vu 75 Joer Swift Hesper
Foto aus dem Gëllene Buch vu 75 Joer Swift Hesper

Back to Top
CIM LOGO