2015 hat ee mat engem grousse Chantier ugefaangen. D‘lescht Joer du sinn déi endlech fäerdeg ginn. Ma et gouf vill gemaach, net nëmme krut d‘stolen Damm nees e frëschen Teint, mee si huet och fir den Tram missen ugepasst ginn.
355 Meter laang an no den Ëmbauaarbechten zwee Meter méi breet wéi soss, nämlech 27 Meter, ass d‘Rout Bréck elo nees fit fir déi nächst dräi Joerzéngten. Et ware laang Aarbechten, déi awer néideg gewiergt wieren.
Bis elo gouf d‘Rout Bréck just ee Mol nei ugestrach, nämlech 1989. Bei den Aarbechten, déi 2015 ugefaangen hunn, war dat awer nach e bëssen anescht, well déi al Faarf gouf bis op de Stol komplett ofgedroen. En Challenge, well de Stëbs, deen doduercher entstanen ass, huet extra missen agefaangen ginn, fir d‘Loft net ze verschmotzen. Dräi an en halleft Joer hunn eleng dës Aarbechte gebrauch, obwuel et reell fënnef Joer gedauert huet. Schold dorunner waren d‘Pandemie an d‘Faillite vun der éischter Entreprise, déi fir den Ustrach responsabel war.
Nieft den Usträicheraarbechte gouf awer an engems profitéiert, fir d‘Bréck och vu bannen ze verstäerken, well mam Tram ass zousätzlecht Gewiicht, dat iwwert dem Pafendall zirkuléiert. Déi gréissten Erausfuerderung hei: sou liicht wéi méiglech Material benotzen, well all Gewiicht dréit sech op d‘Stabilitéit vun der Bréck aus, dofir ass am Bauch vun der Bréck och nëmmen dat allernéidegst installéiert.
Et wier een awer zefridde mat den Ëmbauaarbechten an houfreg, wéi dat alles geklappt huet, well dat Projete sinn déi Joren daueren an net ëmmer evident sinn a well och déi verschidden Acteuren, déi dorunner bedeelegt sinn, Hand an Hand musse schaffen.
Déi wuel bekanntste Bréck aus dem Land trount elo scho méi wéi 6 Joerzéngten iwwert dem Pafendall a verbënnt de Quartier Lampertsbierg mam neie Quartier Kierchbierg. Tëscht 1962 an 1965 gouf de Pont Grande-Duchesse Charlotte gebaut. An engem Architekteconcours goufe vun 68 Projeten der siwen zréckgehalen. Um Enn konnt sech de Projet vum däitschen Architekt Egon Jux duerchsetzen. E Konzept mat Stolepilieren. Allerdéngs gouf kee Stol vun der Arbed verbaut, mee vun der däitscher Firma Thyssen. 1963 gouf de Grondstee geluecht an am Oktober 1966 war dunn dee groussen Ament, wéi déi am Volleksmond bekannte Rout Bréck offiziell ageweit gouf a Presenz natierlech vun der Dame d‘honneur, der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Jean. Zu deem Zäitpunkt als Autobunnsbréck a Schluss vun der Tréier A1, ass et haut eng Bréck mat enger Duebelspuer fir den Tram, véier Spuere fir motoriséiert Gefierer an zwee Trottoire fir Foussgänger a Vëlosfuerer.