Covid-19-Task Force D’epidemiologesch Lag zu Lëtzebuerg entspaant sech méi séier wéi erwaart

Fanny Kinsch
Dat schreift d’Covid-19-Task Force an hirem neiste Rapport.

Déi aktuell Entwécklung vun der Pandemie géing drop hindeiten, datt d’Neiinfektiounen an den nächste Woche wäerten erofgoen an ugangs Mäerz bei am Schnëtt 500 Fäll den Dag leien.

Et géing een elo gesinn, datt de Risiko fir op d’Intensivstatioun ze komme bei der Omikron-Variant 70 Prozent méi niddereg wier, wéi bei Delta. Bei den normale Soine géinge 50 Prozent manner Better gebraucht ginn.

Dofir schätzt d’Task Force de Pic vun den Hospitalisatiounen och méi niddereg an, wéi nach d’lescht Woch, op 15 Intensivbetter a 75 normal Better.

Wéinst den héijen Neiinfektiounen an dem Risiko, datt vill Leit dowéinst a verschiddene Secteuren ausfalen, géinge weider Efforten am Sënn vum Social Distancing, den Hygiènesmesuren an der Impfcampagne awer essentiell bleiwen. Besonnesch vulnerabel Persoune misste geimpft sinn a virsiichteg bei hire soziale Kontakter bleiwen, fir schlëmm Fäll an Hospitalisatiounen z’evitéieren.

Back to Top
CIM LOGO