
Dat huet déi nei Santésministesch Paulette Lenert en Dënschdeg an der Chamber confirméiert.
Sujet ass beispillsweis den Zougang zu der medezinescher Versuergung am ländleche Raum, oder den Handlungsbedarf bei den Urgencen, déi nach ëmmer dacks iwwerfëllt sinn.
An engem Pilotprojet wäerte vu Juni un iwwregens an der Stad souwuel den CHL, wéi och d’Spidol um Kierchbierg, wiertes e gläichzäitegen Urgence-Service ubidden. Sou sollen Iwwerlaaschtungen evitéiert ginn.
An de leschten zwee Joer ass och méi Personal agestallt ginn, méi Sue goufen investéiert.
Am Spidol um Kierchbierg soll ee Scanner just fir d'Urgencen disponibel sinn.
Fir iwwert de Gesondheetsdësch ze informéieren, hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider, fir de 14. Februar op eng Pressekonferenz invitéiert.