Landwirtschaft, Déieren, regional ProduitenD'Foire Agricole steet nees virun der Dier  

Chris Meisch
An zwou Wochen ass et nees esou wäit: dann dréint sech zu Ettelbréck op den Däichwisen nees alles ëm d'Landwirtschaft, Déieren a regional Produiten.
© Chris Meisch

Vum 3. bis de 5. Juli wäerten zu Ettelbréck ronn 380 Exposanten, d'Diversitéit vun der lëtzebuergescher Landwirtschaft presentéieren. Als “Aushängeschëld vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft” wëll d’Foire agricole ënnert dem Motto "[re]connect" virun allem de Kontakt tëscht Landwirtschaft a Gesellschaft stäerken, an d’Mënschen hannert der Produktioun an de Mëttelpunkt setzen.

D'Foire Agricole steet nees virun der Dier - Reportage Chris Meisch

D'Foire agricole geet dëst Joer an hir 43. Editioun an nieft bewäerte Formater an traditionelle Publikumsmagnéite, esou den Michel Thielen, mat responsabel fir d’Organisatioun vun der Foire, kënne sech d'Visiteuren och op verschidden Neiheete freeën: "Eng ganz nei Attraktioun dëst Joer ass, dass mir och vir déi kleng Déieren ee Ring hunn, déi ware soss an engem Zelt, déi sinn elo bëssi méi oppen dobaussen, wou dann och Virféierunge mat Geessen, Schof, Ieselen, Kanéngercher a Gefligel wäerte gemaach ginn. Een aneren interessante Punkt ass den Demo-Ring, wou et méi ëm d’Beruffer geet, wou mir unhand vu Maschinnen erklären, wéi eng Beruffer all an der Landwirtschaft täteg sinn."

Mam Motto “reconnect” well d'Foire dëst Joer de Kontakt tëscht de Produzenten a Konsumenten nees méi no bréngen an den direkten Austausch fërderen: "Et soll een eng nei Bindung opbaue mat der Landwirtschaft, mat de Leit déi hannendru stinn a mat de Produkter. Do hu mir 67 Produzenten um Site, déi hir Produkter ze schmaache ginn, wou dir direkt kënnt mat de Produzente schwätzen."

Passend zum Motto huet sech d’Landwirtschaftskummer ee Stand mat engem groussen Dësch iwwerluecht, mam Numm “One Schmier, 1000 Stories”, wéi de President Christian Hahn erkläert: "Do kënnt dir iech gär hisetzen an déi Diskussioun tëscht dem Produzent an dem Konsument, oder mat eise Beroder, dass een déi Diskussioun entfacht. Dann hu mir och esou dräi verschidde Schmieren, mat ëmmer nëmme Lëtzebuerger Produkter, fir d’Leit e bëssi unzezéien an dee Moment wou d’Schmier giess gëtt, déi Diskussioun unzefachen."

Och de Landwirtschaftsministère huet ee Stand op der Foire, wou et ëm d’Promotioun vun de lokale Liewensmëttel an de Gaspillage geet, esou d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen: "Dann hu mir nach Ateliere fir d’Kanner. Dat ass eemol een Atelier fir eis saisonal Liewensmëttel z’erkennen an och ze wëssen, a wéi eng Saison passen se. An dat anert ass een Atelier fir 'Wéi lageren ech eis Liewensmëttel am beschten?' An do kann een och eppes gewannen, wann een dat richteg mécht."

Present ass dëst Joer och d’Unitéit “Groupe de Sauvetage Animalier” vum CGDIS, deen de Visiteuren en Abléck an hir Aarbecht am Beräich vun de spezialiséierten Asaz- a Rettungsmissioune vu méi groussen Déieren, wéi zum Beispill Kéi a Päerd gëtt.

Back to Top
CIM LOGO