Zanter e FreidegD'Gemenge Groussbus-Wal a Bous-Waldbriedemes offiziell fusionéiert

Marc Hoscheid
Zanter e Freideg gëtt et zu Lëtzebuerg nach genee 100 Gemengen.

Zanter dem 1. September gëtt et zu Lëtzebuerg nach genee 100 Gemengen. Mam 1. September ginn nämlech d’Fusiounen tëscht Groussbus a Wal am Norden, an tëscht Bous a Waldbriedemes am Osten offiziell finaliséiert. Dat bedeit dann och Verännerunge fir d’Bierger. Ma et gëtt awer trotzdeem net Alles vun haut op muer op d’Kopp geschmass.

Gemengefusiounen / Rep. Marc Hoscheid

Dat offensichtlechst Zeeche vun der Fusioun tëscht Groussbus a Wal ass, datt d’Gemengebüroe fir de Public dës Woch zou waren. Et huet een nämlech all d’Servicer beieneen op Groussbus geplënnert. Wärend dës vun e Méindeg u rëm accessibel sinn, hunn de Populatiounsbüro an de Service d’état civil zu Wal hir Diere par Konter definitiv zougemaach. Mam Paul Engel an dem Christiane Thommes-Bach waren déi zwee Buergermeeschtere vu Wal a Groussbus mat an d’Gemengewale gaangen. De Paul Engel krut um Enn déi meeschte Stëmmen an ass vum 1. September un offiziell Buergermeeschter vun der neier Fusiounsgemeng. A fir déi nächste Joren hätt ee genuch Aarbecht viru sech.

“Am Fong geholl probéiere mer elo mol, déi Schantercher, déi déi zwou fréier Gemengen haten, ofzeschléissen. Parallel dozou si mer natierlech mam Bau vum neie Gemengenhaus zu Groussbus am gaangen. Mir plangen och den Ausbau vun der Groussbusser Schoul. Zu Wal gëtt de Kinnekshaff ëmgebaut a ganz frësch amenagéiert. Haaptsächlech wäert déi nächste Jore vill Zäit a Kanal- a Waasserreseaue gestach ginn.”

Offiziell gefeiert gëtt d’Fusioun zu Groussbus-Wal e Freideg net. Anescht zu Waldbriedemes, wou d’Bierger den Owend op ee Patt invitéiert sinn. Déi eenzeg Ännerung, déi direkt siichtbar ass, ass deen neien Internetsite. Ma wéi zu Groussbus-Wal ginn och hei an deenen nächste Joren eng Partie Projete realiséiert. Dorënner een neit Gemengenhaus zu Waldbriedemes*. Ma och op administrativem Plang gëtt et dem Buergermeeschter Antonio Da Costa no nach sou munches ze harmoniséieren.

“Reglementer mussen ugepasst ginn. Mir hu momentan verschidde Reglementer, ob et lo Waasser ass, d’PAGen, déi musse all nach, jo och déi musse fusionéieren.”

Datt de Vott vu verschiddene Reglementer duerch de Gemengerot vu Waldbriedemes kuerz virun der Fusioun fir Rumouers zu Bous gesuergt hat, sollt een dem Antonio Da Costa no iwwerdeems net iwwerbewäerten. Hie mengt och net, datt dat een Impakt op d’Stëmmung am neie Gemengerot wäert hunn. Den éischten Dag als Buergermeeschter vun der neier Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes hätt hie genotzt, fir mat de Leit aus dem Sekretariat an dem Service technique lescht Detailer iwwert d’Aarbechtsopdeelung ze klären. E Freideg am Nomëtteg goufen d’Conseilleren virun der éischter gemeinsamer Rotssëtzung vereedegt.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mir Waldbëlleg geschriwwen, wat awer net richteg war.

Back to Top
CIM LOGO