
De Schnapp, den Houscht, Féiwer: Vill Leit zu Lëtzebuerg sinn den Ament geplot. D'Gripp ass definitiv am Grand-Duché ukomm, dat sot eis den Dokter Pierre Weicherding vun der Santé. D'Evolutioun wier ähnlech ewéi zejoert. Et wier een drop an drun, fir de Pic ze erreechen.
Et zirkuléieren den Ament vill Viren, verschiddener dovu sollten net ënnerschat ginn. De Grippe-Virus ass nämlech ee vun deenen aggressiivste Virussen, fir eis Loftweeër ze befalen an dës Krankheet wär, wat d'Krankeschäiner an awer och wat d'Liewensgefor ugeet, net ze ënnerschätzen, sou den Dokter Pierre Weicherding.
Verschidde Grippevire sollten net ënnerschat ginn, zemools vulnerabel Leit sollten oppassen a bei den Dokter goen. Eng Gripp brauch och e puer Deeg bis de Concernéierte se lass ass. D'Symptomer sinn net bei jidderengem déi selwecht, meeschtens ass et Houscht, Schnapp an eng méi héich Kierpertemperatur. Een Drëttel vun de Leit huet wéineg Symptomer, een Drëttel vun de Leit villt sech méi krank an huet och méi héich Féiwer an een Drëttel vun de Leit si ganz staark Krank, sou nach den Dokter Weicherding.
De beschte Schutz géint d'Gripp wier, fir sech virum Wanter impfen ze loossen, esou den Dokter Weicherding. Déi Kéier haten dat jo ganz vill Leit gemaach, Vaccine gëtt et zënter enger Zäit keng méi.
Soss gëllen déi üblech Consignen: sech ewechhale vu Leit, déi d'Gripp hunn a sech d'Hänn dacks a grëndlech wäschen.