
D'Handwierk ass dynamesch, misst sech allerdéngs och permanent a Fro stellen a sech adaptéieren. Dat gouf an der Chambre des métiers betount, wou zesumme mam Minister fir de Mëttelstand, Lex Delles, de Bilan vun zejoert gezu gouf. Zu Lëtzebuerg ginn et 7.500 Handwierksbetriber déi ronn 95 000 Plazen ubidden. E grousse Problem ass allerdéngs deen fir genuch qualifizéiert Leit ze fannen.
An dofir ass d'Handwierk och ofhängeg vun enger externer main-d'oeuvre. Wat sech kloer an de Chifferen ausdréck vun den 88 000 Salariéeën déi am Handwierk schaffen. Den Norry Dondelinger vun der Handwierkerkummer:
51% Frontalieren déi all Dag iwwert d'Grenze kommen an 34% Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen.
Wat d'Groussregioun ugeet kéint een och net méi op vill Leit zréck gräifen. Heescht et misst een och un Leit denken déi vu méi wäit op Lëtzebuerg kommen an hei wunnen. Stéchwuert Wunnengspräisser. Den Generaldirekter vun der Chambre des métiers, Tom Wirion:
An dofir si mer amgaangen eis Gedanken ze maachen wéi een dat logements-technesch ka maachen fir datt Betriber Wunnengen schafen fir datt zukünfteg main-d'oevure an Zukunft abordabel kann hei wunnen. Wëll wann dat net geséchert ass ass d'Pai vläicht méi héich wéi zum Beispill an Ost-Europa, mee wann een d'Liewenskäschten kuckt ass dat ënnert dem Stréch net immens attraktiv
Mee och zu Lëtzebuerg kéinten Saachen gemaach ginn, wat och de Fall wier. E wichtege Volet wier weiderhin de Brevet de maitrise, wou déi 35 Breveten déi een aktuell huet komplett reforméiert ginn. E Beispill ass dat vum Elektriker:
De Chauffagiste sanitaire, verschidden Elektroniker, Beruffer déi mer am Handwierk hunn, dat wiisst zesummen. An do si mer amgaangen mat deenen zoustännege Federatiounen an de Schoulen e Brevet GTB op d'Been ze stellen. Wou een aus deenen 3 Breveten 1 meescht. Dat heescht fir kënnen doduerch déi klassesch Clienten déi een iwwert den DAP an de Brevet kënnt ze halen. Mee och Quer-Einsteiger, Leit déi net onbedéngt de Wee an d'Handwierk gaangen wieren, och ze kréien.
Allgemeng misst een d'Beruffer vum Handwierk bei de Schüler an awer och Elteren erëm méi attraktiv maachen.