Deel vu Beliichtung war erofgefallDiddelenger Schwämm muss temporär zoumaachen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Stad Diddeleng e Méindeg an engem Schreiwes matdeelt, koum et lescht Woch e Méindeg an der Schwämm zu engem Virfall.
Déi iwwerdaachte Schwämm zu Diddeleng befënnt sech am Centre sportif René Hartmann
© Ville de Dudelange

Wéi et am Communiqué heescht, wier en Deel vun der Beliichtung erofgefall, zu deem Ament wieren awer keng Leit ënnen drënner gewiescht. De Sécherheetsbeoptraagte vun der Stad Diddeleng hätt nach den Dag selwer e Constat gemaach a Kontrolle vun aneren Installatiounen an der Schwämm an Optrag ginn.

Eng onofhängeg Kontrollinstanz hat donneschdes d’Ursaach vum Virfall festgestallt: Wéinst der Fiichtegkeet an der chlorhalteger Ëmgéigend vun der Schwämm hätt sech eng Schrauf geléist, wouropshin en Deel vu der Installatioun erofgefall ass.

Den Ament wier eng Reouverture vun der Schwämm ënnert normale Sécherheetskonditiounen net méiglech, esou d’Stad Diddeleng weider. Et géif een d’Situatioun observéieren an all Dag nei bewäerten. Concernéiert Schoulklassen a Veräiner goufen iwwer d’Fermeture a Kenntnis gesat. Wéini d’Diddelenger Schwämm nees opmaache kann, wéilt een zäitno matdeelen.

Liest hei dat offiziellt Schreiwes vun der Stad Diddeleng

Back to Top
CIM LOGO