
D'Santé erënnert dowéinst am Virfeld vun der Summervakanz a méigleche Reesen, déi an deem Kontext ustinn, an engem Schreiwes un d'Gesten, fir sech virun der Krankheet ze schützen.
D'Riedele wieren eng Krankheet, déi héich ustiechend ass a sech besonnesch an zoue Raim mat ville Leit, wéi zum Beispill am Transport public, séier kéint iwwer d'Loft iwwerdroen. Zu de Symptomer zielen, nieft Féiwer, Houscht a rouden Aen, dee charakteristeschen Ausschlag op der Haut. Normalerweis verheelt d'Krankheet ouni weider Konsequenzen. Ma an eenzele Fäll kann et zu seriöe Komplikatioune kommen, déi souguer déidlech kéinte sinn. Besonnesch bei Bëbeeën. schwangere Fraen a Persoune mat enger Immunschwächt kéint dat passéieren.
An deem Kontext erënnert de Ministère drun, dass eng Impfung weiderhin dee beschte Schutz géint dës Kränkt duerstellt.
Wann een no enger Rees an d'Ausland Symptomer vun der Kränkt weist, soll ee säin Dokter iwwer Telefon kontaktéieren. Et soll een dann och soen, dass ee rezent am Ausland war.