Dorënner d’Sasha, déi sech eng ronn 2.000 Kilometer vu Kiew ewech hei zu Lëtzebuerg en neit Liewen opgebaut huet. Si ass Ukrainerin, gebierteg aus enger Stad net wäit ewech vu Kiew an am Mäerz zejoert op Lëtzebuerg komm, mat hiren 3 Kanner, der Mamm an der Niess op Lëtzebuerg komm. De Choix heihinner ze kommen, war an éischter Linn fir hir Kanner ze schützen a well Frënn, déi hei wunnen, hinne proposéiert hunn se opzehuelen. D’Sasha lieft an der Géigend vun Ettelbréck an enger famille d’accueil. Zanter 5 Méint schafft si hallefdaags am administrative Beräich bei der Associatioun LUkraine, déi der ukrainescher Communautéit zu Lëtzebuerg hëlleft. Hire Büro ass am Informatiounszenter vun der Associatioun. Eng Aarbecht déi et hir erlaabt, sech besser hei am Land ze integréieren an hiren Alldag sënnvoll ze gestalten. Op dës Manéier ka si hire Landsleit hei zu Lëtzebuerg hëllefen, wäit ewech vun der Heemecht. Konkret këmmert sech d’Sasha ëm d’Organisatioun vun de Sproochecoursen. All Woch bitt d’Associatioun LUkraine 3 Franséisch- an 2 Engleschcoursen fir d’Ukrainer zu Lëtzebuerg un. Bannent annerhallwer Stonn kréien d’Ukrainer déi franséisch Conjugaisoun, d’Grammaire an d’Vokabele méi no bruecht, fir sech nach besser kënnen an d’Lëtzebuerger Gesellschaft ze integréieren.
Eng Geleeënheet och fir d’Lyudmyla, déi hei mat 68 Joer en neit Liewen ufänkt nodeems hir Stad an der Ukrain ganz am Ufank vum Krich bombardéiert gouf. Mam Konflikt, dee weider unhält, schéngt e Retour an d’Ukrain nach wäit ewech. D’Associatioun LUkraine setzt domat op eng laangfristeg Integratioun vun de Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg, sou d’Marianna Pogosova, Coordinatrice vum Departement Flüchtlingen bei LUkraine:
“Mir wëssen net wat muer, iwwermuer oder an engem Mount ass. Mir kënnen de Leit hëllefen andeems mer et hinnen erlaben, sech an eis Gesellschaft ze integréieren an hinnen d’Méiglechkeet ginn, en onofhängegt Liewen ze féieren. Eng eegen Aarbecht ze hunn, d’Gefill ze hunn gebraucht ze ginn fir sech hei net verlooss an eleng ze spieren”
An der Bibliothéik vun der Associatioun LUkraine fillt d’Sasha sech mat hirer Heemecht verbonnen. Hei fënnt een 1.700 Bicher an ukrainescher Sprooch, déi een och ausléine kann. Souwuel fir Erwuessener, wéi och fir Kanner.
D’Sasha huet hir Stad an der Ukrain verlooss, fir de Bombardementer ze entkommen. 13 Deeg war si ënnerwee, duerch Ungarn, Polen an Däitschland, fir dann hei am Land een neien Ënnerdaach ze fannen:
“E puer Deeg virum Ufank vum Krich krute mer an der Schoul Broschüren ausgedeelt an deene stoung, wat een alles misst fir den Noutfall apaken a wat ee misst unhunn, wann de Krich ufänkt. Ech war schockéiert! Och wann ech Rumeuren héieren hunn, hätt ech mer ee Krich wierklech net erwaart. E Krich mat Bombardementer bei deem mer all Moien um 5 Auer mat de Kanner an de Keller lafen. Duerno hu mer realiséiert, dass et méi sécher wier d’Ukrain ze verloossen. Mir woussten, dass mer géifen op Lëtzebuerg goen an haut ass dat fir mech wéi eng zweet Heemecht!”
Dem Ausseministère no krute bis haut 5.214 Leit, déi virum Krich an der Ukrain geflücht sinn, hei am Land eng protection temporaire. Ënnert hinnen ass och d’Margot, déi och am Mäerz zejoert op Lëtzebuerg koum. Am Alter vu 36 Joer ass d’Ukrainerin mat hirem Mann an den 3 Kanner aus der ukrainescher Haaptstad geflücht. Haut liewe si zu Déifferdeng. Dës Woch fänkt d’Margot mat de Lëtzebuergeschcoursen un a léiert d’Vokabele wärend hirer Mëttespaus. Hir Kanner schwätze scho lëtzebuergesch an der Schoul an och si hofft, sech geschwënn an dëser Sprooch kënnen auszedrécken. Duerfir huet si sech en Dictionnaire kaf, deen déi ukrainesch Wierder op lëtzebuergesch an op franséisch erkläert. Iwwert dee Wee kann d’Margot d’Sprooch méi séier léieren a sech och besser hei integréieren.
“Déi ukrainesch Sprooch ass fir eis immens wichteg. Mir setzen eis an der Heemecht och ganz staark dofir an. Ech sinn och der Meenung, dass wann een an en anert Land wunne geet, da sollt een och d’Sprooch léieren déi do geschwat gëtt.”
D’Margot schwätzt scho 5 Sproochen an huet en Doktorat an der Chimie. Nodeems si d’Decisioun geholl huet d’Ukrain ze verloossen, war fir si séier kloer, dass se sech géif zu Lëtzebuerg néierloossen. Virun 10 Joer war si hei an der Vakanz a war vun der kosmopolitescher Gesellschaft an de professionellen Opportunitéiten zu Lëtzebuerg beandrockt.
Leschten Oktober huet d’Margot an der Stad eng Aarbecht fonnt. Si krut e CDI fir eng Software an engem Lëtzebuerger Start-up ze entwéckelen.
D’Equipe ass kosmopolitesch wat et dem Margot méi einfach mécht hir Plaz ze fannen. D’Aarbechtskolleegen hëllefen hir dobäi sech hei am Land ze integréieren:
“Mir schwätzen hei méi Sproochen, mir sinn eng super Ekipp. Dat hëlleft mir ganz vill, well wanns de an en anert Land kënns, brauchs de Ënnerstëtzung fir ze wëssen wéi s de dech ulees. An do hu meng Aarbechtskolleegen ëmmer e puer gutt Rotschléi.”
An dëser Lëtzebuerger Entreprise, déi an den neien Technologien doheem ass, ass d’Margot net déi eenzeg Ukrainerin. Den Ihor krut zejoert am Mee e CDI, kuerz nodeems en d’Ukrain verlooss huet. Et war am Ufank vum Krich wéi e mat senger Famill geflücht ass, fir an der Géigend vu sengem Brudder ze sinn deen zu Tréier wunnt:
“Dës Aarbecht huet mer meng Onofhängegkeet zréckginn, well mat menger Pai bezuelen ech Steieren wéi all Lëtzebuerger, ech ka mer en Auto kafen an en Appartement lounen. Dat hëlleft mer, fir mech z’integréieren an elo fillen ech mech wuel zu Lëtzebuerg.”
An dëser Entreprise sinn eng ronn 20% vun de Mataarbechter Ukrainer. Fir de Patron vun dëser Start-up, ee gebiertegen Iraner, ass et eng Chance Ukrainer kënne z’engagéieren.
D’Margot wëll sech souwuel fir hiert Gaaschtland, wéi och fir hiert Heemechtsland asetzen. Si ass zanter engem Joer als Volontaire fir d’Lëtzebuerger Associatioun Ukrainka aktiv andeems se Spende sammelt.
Och d’Sasha zitt Kraaft doraus, sech fir déi gutt Saach anzesetzen: “Et dierf een ni opginn an et muss een ëmmer positiv bleiwen, souwäit et méiglech ass. Haart schaffen an ëmmer weiderfueren. Well wann s de bis opgëss, dann hues de verluer.”