Lëtzebuerger an der GroussregiounDir sidd hannert d'Grenz geplënnert? Da siche mir Iech!

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Serie fir RTL Tëlee siche mir Lëtzebuerger oder Leit, déi hei opgewuess sinn a rezent oder scho méi laang hannert der Grenz wunnen.

Lëtzebuerger, déi an der Grenzregioun wunnen - dat ass näischt Neies méi. Egal ob an Däitschland, Frankräich oder der Belsch. Grënn fir eng Plënneraktioun an d’Grenzregioun kënne ganz verschidde sinn. Ma mir wëllen Är Grënn wëssen.

Dir sidd also elo rezent réischt iwwert d’Lëtzebuerger Grenz geplënnert oder hutt déi Entscheedung scho viru Joerzéngte getraff? Dir wiert bereet, eis Är Beweeggrënn virun der Kamera ze erklären? Da mëllt Iech bei eis an erzielt eis Är Geschicht.

Kontaktéiere kënnt Dir eis iwwert dëse Formulaire.

Back to Top
CIM LOGO