
De jonke Mann war zu Dräibuer fortgelaf, bei him goufen Drogen, eng Waff a Geld aus Drogenhandel fonnt. A wéi quasi ëmmer war mat deem Fall d’Diskussioun iwwert Jugendschutz a Strofrecht relancéiert.
Do hannendru verstoppt sech eng ganz komplex Problematik mat dräi Niveauen: Infrastruktur, Gesetzgebung an dem Konzept, wéi ee mat deene Jonken ëmgoe soll.
Am Mee zejoert haten déi deemoleg Justizministesch Tanson an den Educatiounsminister Meisch een neit Strofrecht fir Mannerjäreger ugekënnegt. Dräi Gesetzprojete sinn elo ënnerwee.
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit begréisst, dass Lëtzebuerg domadder no ronn 30 Joer endlech deen néidege Kader bei der Gesetzgebung kritt an dass bei de Prozedure Kannerschutz a Jugend-Delinquenz vunenee getrennt ugepaakt ginn.
Derbäi géif een, nieft der Preventioun, och méi dem Volet “Affer” gerecht ginn. Esouwuel beim Jonken als Affer wéi och bei den Affer vu jonken Täter.
De Grondgedanke misst ëmmer een edukative sinn, seet de Charel Schmit, fir déi beschiedegt sozial Lienen nees hierzestellen.
“De Grondgedanken ass deen, dass de jonke Mënsch, dee vum Wee ofkomm ass, de Wee zréck an d’Gesellschaft fënnt, dass hie rehabilitéiert gëtt, dass hien erëm fäeg gëtt, seng Konflikter anescht ze léise wéi duerch Gewalt a Kriminalitéit. An dass hien och bäidréit, selwer ee Schued erëm guttmaachen, sief et an engem Täter-Affer-Ausgläich oder duerch Sozialstonnen duerch ee Schued, deen der Gesellschaft entstanen ass.”
Wa Mannerjäreger an d’Sécherheetsunitéit oder souguer an de Prisong kommen, dann ass et meeschtens just d’Spëtzt vum Äisbierg. Hannendru verstoppt sech ee komplexe gesellschaftspolitesche Volet.
All Gesellschaft kennt de Phänomeen vun der Jugendkriminalitéit
Eng vun den Haaptfroen ass, wéi d’Gesellschaft mat deem Sujet ëmgeet a probéiert dee Jonken nees agegliddert ze kréien, ouni d’Affer aus dem Bléckfeld ze verléieren. Alles dat ass net evident, well een dacks net genuch Informatiounen iwwert d’Jugendkriminalitéit kritt, esou de Charel Schmit.
“Et ass esou, dass mir vun der Police-Statistik, bis zur Auswäertung wéi eng Äntwerte mir hunn, hu mir eigentlech vill ze wéineg. Mir tappen do vill ze oft am Donkelen. Dat wat an der Ëffentlechkeet eriwwer kënnt, dat sinn dann déi eenzel Fäll, déi schlëmm fir all déi Bedeelegt sinn, a virun allem och schlëmm si fir d’Affer.”
Fir vill Jonker géif et ëmmer komplizéiert gi sech an der Gesellschaft zu Recht ze fannen, déi ëmmer méi haart gëtt.
“Dat huet mat villen anere Sujeten ze dinn, mat Kanneraarmut, dat huet mam Schoulsystem ze dinn, mat och deene Méiglechkeeten ze dinn, vun anere soziale Ressourcen wéi Fräizäit a Sport... D’Aufgabe ginn net méi kleng, eigentlech.”
Nieft der Legislatioun an de sozioedukative Konzepter mat ënnert anerem dem Volet Preventioun oder Neesaglidderen an d’Gesellschaft, ass et och eng Saach vun de Infrastrukturen. An do bleift nach munches ze maachen.