Medikamenter sinn an der fräier Vente allerdéngs gesetzlech verbueden. Zu Kielen a Schuller stinn déi éischt zwee Apparater. A bei de Clienten hu si Succès. Puddermëllech, Kondomer a Covid-Schnelltester sti ganz uewen an der Gonscht vun de Leit. Virun allem de Weekend wär d’Demande no dëse Produiten immens grouss.
2024 solle weider Distributeure bei Apdikten an den Asaz kommen.
RTL-Artikel (23.11.2023): Neie Service vun den Apdikten: Keng Medikamenter an Automaten erlaabt