Kee Youth for Climate Lëtzebuerg méiD'Klimakris bleift e wichtegt Thema fir déi Jonk

Fanny Kinsch
Eng Jugendbeweegung, déi virun e puer Joer nach enorme Succès hat, ass mëttlerweil net méi aktiv.
Kee Youth for Climate Lëtzebuerg méi
Eng Jugendbeweegung, déi virun e puer Joer nach enorme Succès hat, ass mëttlerweil net méi aktiv.

Youth for Climate huet 2019 Dausende Leit mobiliséiert, déi fir d’Klima op d’Strooss gaange sinn, huet domat Reunioune mat Ministeren erreecht, jonk Klimaaktivistinnen an Aktiviste sinn an Tëlee- a Radio-Emissiounen opgetrueden. 2020 koum d’Pandemie, trotzdeem goufe Protestaktiounen organiséiert a mat Mask demonstréiert. Och 2021 sinn nach eemol e puer Dausend Demonstrante fir d’Klima op d’Strooss gaangen. 2022 ass de Schülerstreik dunn e bësse méi kleng ausgefall. Dëst Joer gouf et kee méi.

D’Schülerorganisatioun Youth for Climate Lëtzebuerg, inspiréiert un der internationaler Fridays-for-Future-Beweegung, ass zanter engem Joer net méi aktiv. D’Jasmine Winandy an d’Alex Millim waren nach bis zum Schluss dobäi. Si erënnere sech un eng gutt Zäit. “Et war en extrem coole Grupp a mir hunn och extrem vill zesumme gemaach, et war eng gutt Ambiance”, seet d’Alex Millim. Ma du sinn eng Rei méi erfueren Aktivisten an Aktivistinnen op d’Uni gaangen an et wier een zu ëmmer manner gewiescht. “Dat ass en Däiwelskrees ginn, well et ass ëmmer méi Aarbecht ginn an d’Leit haten dann och ze vill Schoulaarbecht an da gouf déi Aarbecht net erleedegt an da ware mer ëmmer manner fir trotzdeem déi selwecht Meng vun Aarbecht.

Op där anerer Säit hätt sech awer och näischt geännert, souguer wéi Dausende Leit op d’Strooss gaange sinn. Dobäi kéimen aner Krisen, duerch déi d’Lutte fir de Klima och vu verschiddene Säiten a Fro gestallt gi wier. Beim leschte Klimastreik 2022 wieren déi Jonk dacks kritiséiert ginn, seet d’Jasmine Winandy. Mir si grad an enger Energiekris an de Krich an der Ukrain ass elo grad immens present, wéi kënnt der iech dann nach dorëms këmmeren?” An du gëss hinne jo och iergendwéi Recht am Sënn vun, do si ganz vill aner Problemer, ëm déi mer eis këmmere mussen. Mee firwat kënne mer eis och net heirëm këmmeren? Déi Problemer sinn net independent vuneneen, d’Léisunge mussen alles mat abezéien.

Änlech gesäit een dat bei der Schülerkonferenz CNEL. Et géing een net verstoen, datt d’Klimakris all Kéier nees u politescher Prioritéit géing verléieren, wann iwwer aner Krise geschwat gëtt, seet de CNEL-President Dany Semedo. Och hie gesäit eng gewësse Frustratioun bei de Jonken, well sech net genuch ännert. “D’Propositioune sinn do, d’Léisunge sinn do, mee et gëtt awer oft net ëmgesat. Ech denken, mir als Schüler si virun e puer Joer op d’Strooss gaangen, hunn eis Revendicatioune ginn, d’selwecht fir d’CNEL, mir hunn och an engem Avis do kloer Revendicatioune proposéiert, kloer Léisunge ginn. Leider gëtt näischt ëmgesat an ech verstinn déi Frustratioun ganz gutt.” D’Schüler wiere sech der Klimakris awer ëmmer nach bewosst an dat géing hinnen och Angscht maachen.

D’Jasmine an d’Alex hunn d’Lutte géint de Klimawandel och net opginn. Mëttlerweil si si beim move., der Jugendorganisatioun vum Mouvement Ecologique engagéiert. De Virdeel wier, datt een do vill méi Encadrement a Ressourcen hätt. Eng 10 Jonker schaffe reegelméisseg an aktiv beim move. mat, krute mir op Nofro matgedeelt. Déi Zuel wier an de leschte Jore liicht erop- an erofgaangen, bei Evenementer wieren dann ëmmer nach méi Jonker dobäi. Och hei gesäit een den Impakt vu jonken Aktivisten an Aktivistinnen, déi an d’Ausland studéiere ginn. Doduerch géing de Grupp sech ëmmer nees erneieren an den Altersduerchschnëtt wier e bësse méi niddereg wéi am Ausland.

Back to Top
CIM LOGO