Etüd fir ErnärungsstrategieD'Konsumente wiere bereet, méi fir Liewensmëttel ze bezuelen

Diana Hoffmann
Liewensmëttelverschwendung evitéieren, gesond Iessen a regional Produite si Sujeten, déi d'Konsumenten hei am Land besonnesch interesséieren.
D'Konsumente wiere bereet, méi fir Liewensmëttel ze bezuelen
Liewensmëttelverschwendung evitéieren, gesond Iessen a regional Produite si Sujeten, déi d’Konsumenten hei am Land besonnesch interesséieren.

Dat geet aus enger Etude vun der Ilres ervir, déi am Landwirtschaftsministère virgestallt gouf. Mat dëser wollt een d’Suergen an d’Erwaardunge vun de Konsumenten an de Produzenten erfaassen.

D’Verhale vun de Konsumenten hei am Land schéngt sech ze veränneren. 75 Prozent vun de Befroten hunn uginn, manner Fleesch oder Fësch wëllen ze consomméieren, 45 Prozent hunn an de leschten 2 Joer méi Geméis giess.
Mä net just dëst huet sech zanter der leschter Etüd verännert, wéi de Landwirtschaftsminister Claude Haagen ënnersträicht. Och am Verhale wier eng Ännerung komm. De Wonsch vun de Verbraucher Lëtzebuerger Produiten ze kafen, louch Zejoert bei 88 Prozent, sou de Claude Haagen. Bei der Ëmfro déi am Mäerz an Abrëll vun dësem Joer gemaach gouf, läit dësen Taux bei 98 Prozent. Dorausser schléisst de Minister, dass et e grousst Vertrauen a Lëtzebuerger Produiten an an d’Qualitéit vun dëse géing ginn. D’Konsumente ginn un, dass si de Goût an d’Liewensmëttelsécherheet vun de Lëtzebuerger Produite schätzen.

Erauskomm ass an der Etude awer och, dass d’Produzente sech Suerge maachen iwwer d’Ëmsetzung vun den Ëmweltreegelen, iwwer d’Produktiounskäschten a politesch Reforme fir d’Politique agricole commune vun der europäescher Unioun, kuerz d’PAC, ëmzesetzen. De Claude Haagen seet, e géing d’Suerge verstoen. “Eppes wat mat der neier PAC net areecht ginn ass, dat ass op jiddwer Fall eng Simplificatioun administrative”, sou de Minister. An do missten d’Leit aus dem Secteur mat Hëllef vu Berodung begleet ginn.

Iwwerdeems goufen déi ronn 330 Produzenten, an déi 1.500 Konsumente awer och gefrot, wat si iwwer dee jeeweils aneren denken. D’Produzente sinn der Meenung, de Präis wier fir de Konsument dee wichtegste Facteur beim Choix vun de Liewensmëttel. Dobäi hunn d’Konsumenten zu 79 Prozent uginn, dass se bereet wieren, méi ze bezuele wann de Produzent dofir e korrekte Revenu huet. Am wichtegsten ass aus Vue vum Konsument d’Qualitéit vun de Produiten, d’Reduktioun vu Pestiziden, an d’Wuelbefanne vun den Déieren.

Back to Top
CIM LOGO