Fir d’KPL sinn et keng onrealistesch Fuerderungen: um Index dierft net gefréckelt ginn, an et misst een d’Steiertabell amplaz aktuell ëm 2,5 Indextranchen ëm ganzer 8 un d’Inflatioun upassen an de Mindestloun ëm 20 Prozent erhéijen.
Fir d’Logementskris ze meeschteren, misst de Staat zesumme mam Privatsecteur an den nächsten 10 Joer 50.000 ëffentlech Wunnenge bauen. De Loyer wier plafonéiert op 10 Prozent vum Revenu vum Locataire.
Bezuelt géif dat vu Steieren op de Kapital: Sou sollen zum Beispill Banken a grouss Betriber méi Steiere bezuelen, beschtefalls géif ee se vergesellschaften, esou den Alain Herman:
“Vergesellschaftung bedeit, datt net duerno ee Betrib duerch de Staat gefouert gëtt, duerch Beamten oder ee Management, mee datt herno och déi schaffend Leit, déi am Betrib dra sinn, déi am Betrib schaffen an de Mehrwert fir dee Betrib erzeugen, och ee Matsproocherecht hunn. Datt déi herno och déi strategesch Decisiounen an dem Betrib kënnen huelen, mat kënne schwätzen an och ee Veto-Recht hunn.”
Eng Iddi wier och e sougenannte staatleche Bedeelegungsfong. Esou kéint de Staat a Secteuren investéieren, déi fir privat Entreprisen net interessant, well net esou rentabel, wieren, erkläert den Ali Ruckert.
“D’Kommunistesch Partei ass der Meenung, datt misst esou e staatleche Bedeelegungsfong geschaaft ginn, wou de Lëtzebuerger Staat déi Betriber, déi him gehéieren, also d’Aktie vun deene Betriber an déi Betriber wou en Aktien huet, an dee Bedeelegungsfong géing abréngen. Do géife Milliarden zesumme kommen. Dat wier déi gutt Grondlag fir systematesch a Beräicher z’investéieren, wou Lëtzebuerg als souveräne Staat der Meenung ass datt et néideg ass z’investéieren an Aarbechtsplazen ze schafen.”
Um aussepolitesche Plang fuerdert d‘KPL ënnert anerem den Austrëtt aus der NATO, d’Opléisung vun der Arméi an de Stopp vu Suen- a Waffeliwwerungen un d’Ukrain.